Dépôt légal

Vu Wikipedia

Den Dépôt légal ass eng gesetzlech Verflichtung, déi sech un Editeure vu Publikatioune riicht, an dora besteet, een oder méi Exemplaire vun deem, wat se publizéieren, an enger dofir bestëmmter Bibliothéik ze deponéieren. Dat erméiglecht dëser Bibliothéik, d'Publikatiounen an eng Nationalbibliographie opzehuelen; s'ass och verflicht, dës Publikatiounen ze versuergen.

De System vum Dépôt légal ass 1537 a Frankräich agefouert ginn. Vill aner Länner hunn en am Laf vun de Joren a Joerhonnerten iwwerholl.

Zu Lëtzebuerg gëtt den Dépôt légal duerch e groussherzoglecht Reglement vum 6. November 2009 gereegelt. Dëst verflicht all Editeur (oder Drécker) am Land, dee Publikatiounen dréckt oder reproduzéiert, jee nodeem, tëscht engem a 4 Exemplairen der Nationalbibliothéik z'iwwerloossen.

Dorënner fale Bicher, Zeitungen an Zäitschrëften, mä och Postkaarten, geographesch Pläng, Affichen, Liddertexter a Fotoen a soss Konschtdréck, wann dës geduecht sinn, fir verbreet ze ginn. Net betraff vun deem Reglement sinn Impriméën vu Verwaltungen, Stëmmziedelen, Finanzpabeieren, Handelsdrocksaachen, asw.

Zanter 2009 ënnerleien och zu Lëtzebuerg publizéiert Internetsitten dem Dépôt légal.

Um Webarchiv vun der Nationalbibliothéik kann en ufroe fir datt eng Websäit an den Archiv opgeholl gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]