Lëtzebuerger Filmpräis

Vu Wikipedia
Logo vum Lëtzebuerger Filmpräis

De Lëtzebuerger Filmpräis ass eng Auszeechnung fir déi bescht Lëtzebuerger Kontributiounen a Saache Film. En existéiert zënter 2003. Dëse Filmpräis gëtt am Prinzip all zwee Joer vum Filmfong a vun der Filmakademie verginn.[1]

2012 bis 2016 gouf d'Verdeelung vum Präis zäitgläich mam Discovery Zone-Filmfestival organiséiert, deen 2014 a Luxembourg City Film Festival ëmgedeeft gouf.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1997 an 2006 gouf zu Lëtzebuerg de Filmfestival Cinénygma organiséiert, deen op Fantasyfilmer spezialiséiert war. Schonn hei goufe Filmpräisser verdeelt, déi awer net speziell fir Lëtzebuerger Produktioune waren.[2]

De Lëtzebuerger Filmpräis gouf 2003 an d'Liewe geruff fir déi bescht Kontributiounen an der nationaler Filmindustrie ze belounen, mee och fir Qualitéitswierker ze valoriséieren, d'Filmkreatioun ze encouragéieren, d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg ze fërderen an dem Publikum seng Opmierksamkeet vum op déi lokal Produktiounen ze zéien.[3]

Dowéinst spillt de Staat och eng Roll bei der Organisatioun vum Filmpräis. Déi éischt Editioun gouf gemeinsam vum Filmfong, dee vum Kommunikatiounsministère ofhängt, a vum Kulturministère organiséiert.[4]

D'Auszeechnung gëtt am Prinzip all 2 Joer verdeelt, well déi national Filmproduktioun ze kleng ass fir de Filmpräis all Joer ze organiséieren.[5] D'Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis gouf 2021 fir d'éischt op rtl.lu live gestreamt[6], och wa scho bei der éischter Editioun 2003 thematiséiert gi war, e live op der Tëlee z'iwwerdroen.[4]

Bei de fënnef éischten Editiounen huet eng Jury d'Präisdréier an den Haaptkategorië festgeluecht. Déi Kategorië ware fir de beschte Spillfilm, de beschte Kuerzfilm, déi bescht Koproduktioun an déi bescht kënschtleresch an technesch Kontributiounen.[5] Bei den éischten Editioune goufen et nach aner Kategorien, déi net vun der Jury entscheet goufen. Esou gouf de Präis fir dat bescht Nowuesstalent vum Organisatiounscomité bestëmmt, de beschten europäesche Film vun de Filmkritiker vun der Press ausgesicht, an de Public konnt selwer per SMS iwwer de Gewënner vum Publikumspräis decidéieren.[5]

Zënter 2014, der 6. Editioun, gëtt et keng Jury méi. Si gouf duerch e Vott vun de Membere vun der neier Filmakademie ersat, esou wéi dat de Fall bei ville groussen auslännesche Filmpräisser de Fall ass, wéi zum Beispill beim Oscar, dem franséische César oder dem Däitsche Filmpräis.

Auswielprozedur[änneren | Quelltext änneren]

D'Gewënner an de verschidde Kategorië gi vun de Membere vun der Filmakademie gewielt.

Fir als Eenzelpersoun eligibel ze sinn, muss een entweeder d'lëtzebuergesch Nationalitéit hunn oder Resident sinn, op der Lëscht vum Filmfong stoen oder e "bewisene kulturelle Lien mat Lëtzebuerg" hunn.[1] An enger Kategorie mussen et mindestens dräi Nominéierung ginn, fir datt de Präis ka verdeelt ginn.[1]

Zënter der 7. Editioun treffen d'Organisateuren eng Virauswiel, an net méi all Persoun oder Film, déi eligibel sinn, ginn och nominéiert.[7] Zënter 2021 ginn an all Kategorie maximal fënnef Filmer oder Persounen nominéiert.

Géint d'Bezuele vun enger Frais d'inscription gëtt all Film consideréiert, soulaang en am Kino oder der Tëlee gelaf ass, op DVD eraus komm ass, oder op engem unerkannte Filmfestival gewise gouf. Am Kader vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg war et fir de Filmpräis 2021 och ausnamsweis méiglech, Wierker anzereechen déi just online ze gesi waren. D'Käschte, fir eng Kandidatur anzereechen, louchen 2021 bei 500 Euro fir e Longmetrage (d.h. all Film mat enger Dauer vu méi wéi 50 Minutten) an 100 Euro fir Kuerzfilmer.[1]

Präisstatu[änneren | Quelltext änneren]

D'Statu, déi d'Laureaten iwwerreecht kréien, gouf 2003 vun der Sculptrice Patricia Lippert entworf.[8] Si stellt, deemno aus wéi enger Perspektiv ee se kuckt, d'Profil vun engem mënschleche Gesiicht duer.

Och de Logo vum Lëtzebuerger Filmpräis ass eng Zeechnung vun der Statu.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt dozou déi eenzel Joergäng:


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 filmprais.lu: Lëtzebuerger Filmpräis: Règlemenatioun 2021
  2. Cinénygma - Luxembourg International Film Festival]
  3. gouvernement.lu: Palmarès du 8e Lëtzebuerger Filmpräis (23. September 2018)
  4. 4,0 4,1 gouvernement.lu: Den Luxemburger Film in den Mittelpunkt der Diskussionen setzen (8. Oktober 2003)
  5. 5,0 5,1 5,2 land.lu: Al Pacino meets Andy Bausch (1. September 2005)
  6. "Stream Lëtzebuerg - Dëse Freideg um 20 Auer op rtl.lu an op RTL Play." rtl.lu, 26.11.2021.
  7. lequotidien.lu: Tout savoir sur les 7e Lëtzebuerger Filmpraïs (23. Februar 2016)
  8. filmfund.lu: Présentation: Le Lëtzebuerger Filmpräis (gekuckt den 23. November 2021