Lëtzebuerger Filmpräis 2018
D'Präisser vun der 8. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis goufen den 22. September 2018 am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg verdeelt.
Präiszeremonie
[änneren | Quelltext änneren]Animéiert gouf d'Zeremonie vum Schrëftsteller Guy Helminger, dem amerikanesche Schauspiller Isaac Bush an der lëtzebuergesch-islännesch Schauspillerin Elisabet Johannesdottir.[1]
Et gouf dës Kéier fir d'éischt dräi nei Kategorien: déi vum beschte Schauspiller oder der beschter Schauspillerin; déi vun der beschter Produktioun fir d'Televisioun oder déi nei Medien; an déi vun der beschter kreativer Kontributioun bei engem Animatiounsfilm.[2]
47 Filmer waren an der Kompetitioun, dovun 10 Kuerzfilmer, 10 Spillfim-Koproduktiounen, 7 Lëtzebuerger Spillfilmer, 10 Dokumentarfilmer, dräi Animatiounssspillfilmer a 7 Fernseeproduktiounen.[3]
De Präisdréier als beschte Lëtzebuerger Spillfilm war dem Govinda Van Maele säi Gutland, deen d'Geschicht vun engem jonken Däitschen erzielt, deen an e klengt lëtzebuergescht Duerft flücht. D'Vicky Krieps krut fir hir Roll am selwechte Film de Präis fir déi bescht schauspilleresch Leeschtung. Si krut schonn 2012 de "Prix du jeune espoir".
Wal
[änneren | Quelltext änneren]Just d'Filmproduzente konnte bis den 30. Abrëll 2018 Kandidature fir Filmer a Persounen areechen. Fir all agereechte Film hu si mussen 100 Euro (fir Kuerzfilmer), 250 Euro (fir Documentairen) oder 500 Euro (fir Spillfilmer) bezuelen.[4]
An all Kategorie goufen et minimum 3 a maximum 10 Nominéierungen. Wann an enger Kategorie méi wéi 10 Filmer oder Persoune fir eng Nominéierung eligibel waren, huet de Verwaltungsrot vun der Filmakademie eng Preselektioun gemaach fir d'Nominéierungen op 10 ze limitéieren.[4]
Gewielt gouf online a geheim duerch d'Membere vun der Filmakademie. Si hunn net an all Kategorie musse wielen.[4]
Präisdréier an Nominéierungen
[änneren | Quelltext änneren]De Gewënner an all Kategorie ass fett ervirgehuewen.[5][6]
Beschte Fiktiouns- oder Animatiounssspillfilm (laang)
[änneren | Quelltext änneren]Bescht Fiktiouns-Koproduktioun (laang)
[änneren | Quelltext änneren]- Noces vum Stephan Streker
- Black 47 vum Lance Daly
- Egon Schiele: Tod und Mädchen vum Dieter Berner
- Es war einmal in Deutschland vum Sam Garbarski
- Fauves vum Robin Erard
- Mammal vum Rebecca Daly
- Mary Shelley vum Haifaa Al-Mansour
- Die Nacht der 1000 Stunden vum Virgil Widrich
- Souvenir vum Bavo Defurne
- Storm: Letters van Vuur vum Dennis Bots
Bescht Animatiouns-Koproduktioun (laang)
[änneren | Quelltext änneren]- The Breadwinner vun der Nora Twomey
Beschten Dokumentarfilm
[änneren | Quelltext änneren]- La supplication vum Pol Cruchten
- 50 Days in the Desert vum Fabrizio Maltese
- Ashcan vum Willy Perelsztejn
- Courants d'airs vun der Anne Schiltz
- Eldorado vum Rui Eduardo Abreu, Thierry Besseling a Loïc Tanson
- Foreign Affairs vum Pasha Rafiy
- Listen vum Jacques Molitor
- Mappamundi vum Bady Minck
- Schwaarze Mann: Un Noir parmi nous vum Fränz Hausemer
- Sixty8 vum Andy Bausch
Beschte Kuerzfilm
[änneren | Quelltext änneren]- Fils vum Cyrus Neshvad
- 818 vum Claude Lahr
- Acheron vum Thoma Forgiarini
- Casting a Woman vum Koxi
- Dem Dem vum Marc Recchia, Lopy Pape Bouname a Christophe Rolin
- Dem Mich seng Kichen vum Diana Nilles
- Les non-dits vum Samuel Perez
- Orientierungslos vum Lara Mack
- Sur le fil vum Thierry Besseling a Loïc Tanson
- Tout est calme vum Marylène Andrin-Grotz
Bescht Produktioun fir Televisioun oder nei Medien
[änneren | Quelltext änneren]- Bad Banks vum Christian Schwochow
- Ernest et Célestine, la collection vum Jean-Christophe Roger a Julien Cheng
- Fils de wouf! vum Jacopo Armani
- Génération quoi? vum Julie Schroell
- Polo (2. Staffel) vum Caroline Origer
- Ready Set Action vum Mathieu Fallara
- routwäissgro (2. Staffel) vum Kollektiv 13
Bescht kënschtleresch Kontributioun an engem Fiktiounslaangfilm
[änneren | Quelltext änneren]- Uli Simon fir d'Kostümer an Egon Schiele
- Pol Cruchten fir d'Dréibuch vun La supplication
- Pia Dumont fir de Schnëtt an Die Nacht der 1000 Stunden
- Magdalena Labuz fir d'Kostümer Black 47
- Jeannot Sanavia fir d'Musek a Rusty Boys
- Christina Schaffer fir den Dekor an Die Nacht der 1000 Stunden
- Jean-Louis Schuller, Narayan Van Maele an Nikos Welter fir d'Kamera a Foreign Affairs
- Béatrice Stéphany fir de Maquillage an Egon Schiele: Tod und Mädchen
- Govinda Van Maele fir d'Dréibuch vu Gutland
- Narayan Van Maele fir d'Kamera a Gutland
Bescht kënschtleresch Kontributioun an engem Animatiounslaangfilm
[änneren | Quelltext änneren]- D'Animatiounsekipp vu Melusine Productions/Studio 352 fir de Film The Breadwinner
- D'Ekipp, déi den Dekor vun The Breadwinner gemaach huet
- D'Ekipp, déi den Toun vu Croc blanc gemaach huet
- D'Animatiounsekipp vun Ethel & Ernest
- D'Ekipp, déi den Dekor vun Ethel & Ernest gemaach huet
- Sean McCormac fir d'Dréibuch vu Meng Kollegen aus dem All
- D'Animatiounsekipp vu Meng Kollegen aus dem All
- D'Animatiounsekipp vu Richard the Stork
- D'Ekipp, déi den Design vu Richard the Stork gemaach huet
- D'Ekipp, déi den Dekor vu Richard the Stork gemaach huet
Bescht Schauspillerin/beschte Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- Vicky Krieps fir hir Roll als "Lucy Loscherette" a Gutland
- Fernand Fox fir seng Roll als "Jangi" a Rusty Boys
- Pol Greisch fir seng Roll als "Lull" a Rusty Boys
- André Jung fir seng Roll als "Nuckes" a Rusty Boys
- Marie Jung fir hir Roll als "Edith Harms" (Fra vum Egon Schiele) an Egon Schiele
- Marc Limpach fir seng Roll als "Luc Jacoby" a Bad Banks
- Hana Sofia Lopes fir hir Roll als "Giulia Levati" an Toy Gun
- Marco Lorenzini fir seng Roll als "Jos Gierens" a Gutland
- Désirée Nosbusch fir hir Roll als "Christelle Leblanc" a Bad Banks
- Astrid Roos fir hir Roll als "Valerie Gauthier" an Justice Dot Net
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ rtl.lu: "Gutland" vum Govinda Van Maele beschte Film. (23. September 2018)
- ↑ rtl.lu: 3 nei Kategorie beim Lëtzebuerger Filmpräis: Wien ass nominéiert fir bescht Lëtzebuerger Actrice oder Acteur? (20. Juni 2018)
- ↑ paperjam.lu: 47 films en lice pour le Lëtzebuerger Filmpräis (20. Juni 2018)
- ↑ 4,0 4,1 4,2 Lëtzebuerger Filmpräis: Réglementation 2018
- ↑ chronicle.lu: Nominations Announced for Lëtzebuerger Filmpräis 2018 (20. Juni 2018)
- ↑ De Filmpräis 2018 mt Nominéierten a Gewënner um Site vum Lëtzebuerger Filmfong Archivéiert de(n) 31.12.2018. Gekuckt de(n) 03.01.2019.