Op den Inhalt sprangen

Hana Sofia Lopes

Vu Wikipedia
Hana Sofia Lopes
D’Hana Sofia Lopes zu Lissabon am Joer 2020.
Gebuer 5. Mäerz 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Portugal
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique,
Escola Superior de Teatro e Cinema,
Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Filmschauspillerin

D'Hana Sofia Lopes, gebuer de 5. Mäerz 1990 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch-portugisesch Schauspillerin.

No hirer Première am Stater Kolléisch huet d'Hana Sofia Lopes Schauspillerei op der Theaterschoul vu Lissabon an zu Paräis am Conservatoire national supérieur d'art dramatique studéiert. Am Kader vum Erasmus-Programm huet si 2013 zwee Semesteren zu Madrid op der Real Escuela Superior de Arte Dramatico studéiert.

No hirem Ofschloss op der Theaterschoul vu Lissabon ass si a Film-, Televisiouns- an Theaterproduktiounen zu Lëtzebuerg an och international a Portugal, Frankräich, Däitschland oder Spuenien ze gesinn. Si huet zanter 2014 an enger Dosen Televisiounsserië matgespillt. Ënner anerem wéinst hirer Roll an der portugisescher Telenovela Coração d'Ouro (2015-2016), déi all Owend vun 1,8 Milliounen Zuschauer[2] a Portugal gekuckt gouf, ass si a Portugal bekannt ginn.

Am Film Toy Gun, dee vum Marco Serafini realiséiert gouf, huet si un der Säit vum John Hannah, Julian Sands a Luke Allen-Gale déi weiblech Haaptroll gespillt.

Am Joer 2020 gouf d'Hana Sofia vum franséische Regisseur Michel Didym erausgesicht fir a senger Inzenéierung vun Habiter le temps, vum schweedeschen Dramaturg Rasmus Lindberg, nieft der Irène Jacob, dem Jérôme Kircher an dem Eric Berger matzespillen. D'Première vum Stéck war de 15. Dezember 2020 am Centre Dramatique National, Théâtre de la Manufacture de Nancy. Dono koum eng zwee Joer laang Tournée duerch Frankräich, d'Schwäiz, Lëtzebuerg an d'Belsch. Zu Lëtzebuerg gouf d'Stéck de 14. a 15. Februar 2021 am Studio vum Groussen Theater presentéiert.

Mam Long-métrage, Kanaval, vum kanadesch-haitianesche Regisseur Henri Pardo confirméiert hiren Opstig op der internationaler Zeen. De Film gouf am September 2023 um Toronto International Film Festival ausgewielt an huet do den Amplified Voices Award gewonnen, zesumme mat enger Éierenerkennung als beschte kanadesche Film. Ausserdeem krut de Film véier Nominéierunge bei de Canadian Screen Awards.

Am Oktober 2024 war d'Hana Sofia Lopes Member vun der internationaler Jury vum CinEast Filmfestival.[3]

Eischt Haaptroll am däitsche Fernseh

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2024 huet d'Hana Sofía en neie Schrëtt an hirer Karriär gemaach, wéi si vum ZDF un der Säit vum Hans Sigl fir d'Haaptroll vun der Sofia Moreno am Thriller Flucht aus Lissabon ausgewielt gouf. Den Film gouf de 17. Mäerz 2025 fir d'éischt um ZDF ausgestraalt.

Mat bal 6 Millioune Zuschauer an engem Maartundeel vun ongeféier 23% war de Film en groussen Erfolleg am däitsche Fernseh.

Tittelbach.tv, eng renomméierte Plattform fir Televisiouns- a Filmkritik an Däitschland, huet d’Hana Sofia Lopes als „eng richteg Entdeckung fir dei däitsch Televisioun“ [4] gefeiert. D’Süddeutsche Zeitung huet him en Interview ënnert dem Titel „Auf die europäische Identität!“ gewidmet, deen hir kulturell Déift an Villfallt unerkennt.

D'Hana Sofia Lopes schwätzt fléissend Franséisch, Däitsch, Portugisesch, Lëtzebuergesch, Englesch, Spuenesch an Italieenesch.

 Commons: Hana Sofia Lopes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Hana Sofia Lopes - Biography. IMDb. Gekuckt de 26.10.2024.
  2. Estreia de «Coração d'Ouro» atinge perto de um milhão e 600 mil telespetadores
  3. (cs) CinEast 2024 - Festival du Film d'Europe Centrale et Orientale - Luxembourg. www.cineast.lu (16.09.2023). Gekuckt de 26.10.2024.
  4. (de) Volker Holzheimer sagt, Flucht aus Lissabon. tittelbach.tv (18.03.2025). Gekuckt den 28.05.2025.