Arthur Miller

Vu Wikipedia
Arthur Miller
Gebuertsnumm Arthur Asher Miller
Pseudonym Jonathan Lovelett
Gebuer 17. Oktober 1915
New York
Gestuerwen 10. Februar 2005
Roxbury
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Michigan
Aktivitéit Dramatiker, Essayist, Dréibuchauteur, Journalist, Romancier, Schrëftsteller, Prosaist
Member vun American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Marilyn Monroe, Inge Morath
Kanner Rebecca Miller

Den Arthur Aster Miller, gebuer de 17. Oktober 1915 zu New York City, a gestuerwen den 10. Februar 2005 zu Roxbury am Connecticut, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Arthur Miller gëllt als e gesellschaftskriteschen Theaterschrëftsteller, dee géint de Cliché vum sougenannten American Way of Life geschriwwen huet. Hien huet ëmmer erëm d'ethesch Wäerter bei senge Personnagen an de Vierdergrond gestallt.

Als Jong vun enger polnesch-jiddescher Immigrantefamill wiisst den Arthur Miller zu New York op. No sengem High School-Ofschloss (entsprécht eiser Première) jobbt en eng Zäit doruechter a studéiert dann, vun 1934 un, op der University of Michigan fir d'éischt Journalismus, duerno Englesch, nodeem e fir säin Theaterstéck No Villains e Präis gewonnen hat. Nach éier en 1938 seng Uni ofgeschloss huet, ginn eng Rëtsch Stécker vun him zu Ann Arbor an zu Detroit opgefouert.

Mat nëmmen 33 Joer gewënnt den Arthur Miller de Pulitzerpräis fir säi Stéck Death of a Salesman ("Doud vun engem Reesender").

Seng kritesch Haltung vis-à-vis vum McCarthysmus a senge Filmer, mä och säi Refus, virum "Comité fir on-amerikanesch Aktivitéiten" d'Nimm vu Kommunisten, mat deenen e kënneg ass, ze verroden, féieren 1957 zu enger Verudeelung, déi awer an den 1960er Joren, wéi déi Anti-Kommunismus-Hysterie ofkléngt, nees opgehuewe gëtt.

Den Arthur Miller ass dräimol bestuet, säin 2. Bestietnes mat der Marilyn Monroe suergt fir héicht Medienintressi, hält awer nëmme véier Joer, bis 1960. Mat senger 1. an 3. Fra, huet en all Kéier e Jong an e Meedchen. Seng drëtt Fra war déi weltbekannt Fotografin Inge Morath.

Zulescht huet den Arthur Miller sech ëmmer nees géint d'Politik vum George W. Bush ausgedréckt. Hien ass am Alter vun 89 Joer gestuerwen.

Seng bekanntst Stécker[änneren | Quelltext änneren]

Säi wuel bekanntst Stéck, Death of a Salesman, gëtt ëmmer erëm opgefouert an ass haut sou aktuell wéi jee. Et gouf 1985 vum Volker Schlöndorff mam Dustin Hoffman an dem John Malkovich an den Haaptrolle verfilmt an zielt d'Geschicht vum Willy Loman, dee sech net agestoe kann, datt hien dora versot huet, sech den "amerikaneschen Dram" vu Wuelstand a Succès ze erfëllen, an dofir an eng Dramwelt flücht, bis déi op der Realitéit zerbrécht.

Säi Stéck The Crucible (verfilmt 1957: Les sorcières de Salem vum Raymond Rouleau mam Simone Signoret an Yves Montand an 1996: The Crucible vum Nicholas Hytner mam Daniel Day-Lewis a Winona Ryder) spillt zwar 1692 zu Salem, wou e puer vun de leschten Hexeverbrennunge geschouchen, an développéiert, wéi eng duerch Mësstrauen, Intrigen a Verrot genierten Hetzcampagne zu deem Verbrieche konnte féieren. D'Parallelen zum deemolegen Amerika, gezeechent vum McCarthy senger Kommunistejuegd, sinn awer onmëssverständlech.

Stécker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • All my sons (dt. Alle meine Söhne, fr.:Tous mes fils) (Drama, 1947)
  • Death of a Salesman (dt. Tod eines Handlungsreisenden, fr. Mort d'un commis-voyageur) (Drama, 1949) (Pulitzer Prize for Drama)
  • The Crucible (dt. Hexenjagd, fr.: Les sorcières de Salem) (Drama an zwéin Akten, 1953)
  • A view from the bridge (dt. Blick von der Brücke) (Stéck an zwéin Akten, 1955)
  • A Memory of Two Mondays (dt. Erinnerung an zwei Montage) (Stéck an engem Akt, 1955)
  • After the Fall, (dt.:Nach dem Sündenfall, fr.: Après le (Stéck an zwéin Akten, 1964)
  • Incident at Vichy (dt. Zwischenfall in Vichy) (Stéck an engem Akt, 1965)
  • The Price (dt. Der Preis) (Stéck an zwéin Akten, 1968)
  • The Creation of the World and Other Business (Stéck an dräi Akten, 1973)
  • Up from Paradise, The Archbishop's Ceiling, The American Clock (Dräi Stécker, 1981)
  • Playing for Time (dt. Spiel um Zeit) (Stéck an zwéin akten, 1981)
  • 2by Arther Miller: Elegy For a Lady, Some Kind of Love Story (Zwéin Eenakter, 1982)
  • Danger, memory!: a double bill of "I can't remember anything" and "Clara"(Eng Editioun vun zwee Stécker, 1986)
  • The Ride Down Mt. Morgan (Stéck an zwéin Akten, 1992)
  • The Last Yankee (Stéck an zwéin Akten, 1994)
  • Broken Glass (Stéck an engem Akt, 1994)
  • Mr. Peters' Connections (1998)
  • The Ryan Interview (2000)
  • Resurrection Blues (2004)
  • Finishing the Picture (2004)

Beaarbechtunge vu Stécker[änneren | Quelltext änneren]

  • An enemy of the People, dem Miller seng Beaarbechtung vum Hendrik Ibsen sengem Volleksfeind Stéck an dräi Akten, (1951)

Reportagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Situation Normal (dt. Normale Verhältnisse) (1944)
  • In Russia, mat Fotoe vun der Inge Morath, Viking Press, New York, 1969

Dréibicher[änneren | Quelltext änneren]

  • The Misfits (dt.:Nicht gesellschaftsfähig) (Dréibuch zum Film vum John Huston, 1961)
  • Everbody Wins (dt. Alle gewinnen) (1990)
  • The Crucible - Screenplay (1996)

Roman[änneren | Quelltext änneren]

  • Focus (dt. Brennpunkt) (1945)

Autobiographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Timebends (dt.Zeitkurven) (Autobiographie, 1987)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rainer Lübbren: Arthur Miller. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1977. ISBN 3-423-06819-1

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Irving Reis: All my Sons USA, 1948

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]