Dustin Hoffman

Vu Wikipedia
Dustin Hoffman
am Joer 2013
Gebuer 8. August 1937
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun Santa Monica College,
Neighborhood Playhouse,
Los Angeles High School
Aktivitéit Filmschauspiller, Filmregisseur, Synchronspriecher, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Filmproduzent, Theaterproduzent, Televisiounsschauspiller, Televisiounsmoderateur
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Lisa Hoffman
Kanner Jake Hoffman

Den Dustin Lee Hoffman, gebuer den 8. August 1937 zu Los Angeles, ass e US-amerikanesche Filmproduzent, Filmregisseur a Schauspiller, dee fir seng Interpretatiounen e puermol e Golden Globe an en Oscar gewonnen huet. hien ass zëneter den 1970er Joren ee vun de profiléiertste Charakter-Schauspillere vum US-amerikanesche Film.

Den Dustin Hoffman huet ufanks Musek studéiert, ass dann awer op Schauspillerei gewiesselt, well een do, wéi e sot, besser Meedercher kenne léiere konnt. An den 1960er Joren huet hien Theater, duerno och kleng Tekevisiounsroller gespillt. 1967 huet en, als zweet Kinosroll, dHaaptroll am Mike Nichols sengem The Graduate gespillt, wou e, mat 30 Joer, en zwanzegjärege Student gespillt huet, dee vun enger duebel sou aler Fra, der Mrs. Robinson, verfouert gëtt. Duerno koumen Haaptrollen am Film Midnight Cowboy (1969), wou en en doudkranke klenge Brigang gespillt huet, an den Anti-Western Little Big Man (1970), wou en dem Haaptpersonnage säi Liewen tëscht 17 an 120 Joer interpretéiert huet. 1973 huet en de Prisonéier Louis Dega am Film Papillon gespillt.

1974 huet en den Entertainer Lenny Bruce a Lenny vum Bob Fosse interpretéiert, an 1976 de Journalist Carl Bernstein (nieft dem Robert Redford als Bob Woodward) an der Geschicht ëm d'Watergate-Affär All the President's Men. Dat selwecht Joer war en am Thriller Marathon Man ze gesinn, wou säi Personnage vum fréiere KZ-Dokter Szell (Laurence Olivier) brutal mat engem Zännbuerer gefoltert gëtt. 1978 huet en a Straight Time e Kriminelle gespillt, deen op Surcis fräigelooss gouf, ma dann nees réckfälleg gouf. 1980 krut den Hoffman fir seng Roll als Papp, deen ëm d'Garde vu sengem Kand kämpft, säin éischten Oscar.

An den 1980er Joren hat hien ë. a. an der Travestie-Comédie Tootsie vum Sydney Pollack, an der Verfilmung vum Arthur Miller sengem Theaterstéck Death of a Salesman vum Volker Schlöndorff an als Autist a Rain Man (1989) grousse Succès; fir dee leschtgenannte krut hie säin zweeten Oscar.

Duerno koume Genre-Filmer no, wéi Family Business (1989), Hook (1991), Outbreak (1995), Sphere (1998) oder Wag the Dog mam Robert de Niro (1997), deen en och mat produzéiert huet.

2003 huet e mat sengem Kolleeg Gene Hackman an der Verfilmung vum John Grisham sengem Runaway Jury matgespillt, an zwee Joer drop a Meet the Parents (mam Robert de Niro a Ben Stiller), vun deem et och zwou Fortsetzunge gëtt. Weider war hien 2006 an der Verfilmung vum Patrick Süskind sengem Bestseller aus den 1980er Joren Das Parfum - Die Geschichte eines Mörders ze gesinn.

Dustin Hoffman

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

  • 1961-1963: Naked City - (Tëleesserie) - (2 Episoden)
  • 1962-1965: The Defenders - (Tëleesserie) - (2 Episoden)
  • 1965: The Nurses - (Tëleesserie) - (1 Episod)
  • 1966: The Journey of the Fifth Horse - Regie: Larry Arrick, Earl Dawson - Haaptacteuren: Susan Anspach, Michael Tolan
  • 1966: The Star Wagon - Regie: Karl Genus - Haaptacteuren: Orson Bean, Eileen Brennan
  • 1966: A Christmas Masque
  • 1967: ABC Stage 67 - (Tëleesserie) - (1 Episod)
  • 1968: Premiere - (Tëleesserie) - (1 Episod)
  • 2005: Curb Your Enthusiasm - (Tëleesserie) - (1 Episod)
  • 2011-2012: Luck - (Tëleesserie) - (10 Episoden)
  • 2015: Esio Trot - Regie: Dearbhla Walsh - Haaptacteuren: Judi Dench, Polly Kemp
  • 2016: Medici - (Tëleesserie) - (5 Episoden)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dustin Hoffman – Biller, Videoen oder Audiodateien