Costa-Gavras

Vu Wikipedia
Costa-Gavras
Gebuertsnumm Κωνσταντίνος Γαβράς
Gebuer 12. Februar 1933
Nationalitéit Frankräich, Griicheland
Educatioun Institut des hautes études cinématographiques
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller, Regisseur
De Costa-Gavras, 2011.

De Konstantínos Gavrás (gr.: Κωνσταντίνος Γαβράς), bekannt als Costa-Gavras, gebuer den 12. Februar 1933 zu Loutra Iraias, Arkadien, Griicheland, ass ee griichesch-franséische Filmregisseur an Dréibuchautuer. Hien ass bekannt fir seng politesch engagéiert Filmer, fir déi e munnech Präisser kritt huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Costa-Gavras säi Papp war Regierungsbeamten, deen an der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich an der kommunistescher Resistenz aktiv war. 1945 ass d'Famill op Athen geplënnert, mä de Papp huet nom Ausbroch vum Griichesche Biergerkrich 1946 seng Plaz verluer.

1954 ass de Costa-Gavras a Frankräich ausgewandert, well en a Griicheland verbuede kritt hat, ze studéieren. 1956 krut hien déi franséisch Nationalitéit. Hien huet ufanks Komparatistik op der Sorbonne studéiert, mä huet sech dann um Institut des hautes études cinématographiques ageschriwwen, wou en en Diplom a Regie a Filmproduktion krut.

Zanter 1965 mécht hie Filmer. Seng Filmer behandele meeschtens sozial oder politesch Mëssstänn an huelen eng kloer Positioun dozou. Vun 1982 bis 1987, an dann nees zanter 2007 ass hien Direkter vun der Cinémathèque française.

En ettlech vu senge Filmer zielen zu de Klassiker vum engagéierte polittesche Film, wéi Z (Oscar fir dee beschten net-engleschsproochege Film 1969 a Jurypräis zu Cannes), deen d'Hannergrënn vum Opriichte vun der griichescher Diktatur vun de Colonellen an den 1960er Joren thematisiéiert; État de siège, deen d'Resistenz vun der Tupamaros géint déi vun den USA ënnerstëtzte Militärdiktatur an Uruguay als Theema huet oder Missing (Gëlle Palm 1982, Oscar fir d'Adaptatioun), deen zu der Zäit vum Militärputsch 1973 am Chile spillt a weist, wéi d'USA sech fir d'Asetze vum Pinochet-Regime engagéiert hunn.

An de leschte Jore sëtzt hie sech mat den Auswierkunge vun der globaliséierter Welt an der onerbittlecher Logik vum kapitalistesche System op d'Individuum auserneen.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1965: Compartiment tueurs
  • 1966: Un homme de trop
  • 1968: Z
  • 1969: L'Aveu
  • 1972: État de siège
  • 1975: Section spéciale
  • 1979: Clair de femme
  • 1982: Missing
  • 1983: Hanna K.
  • 1986: Conseil de famille
  • 1988: Betrayed
  • 1989: Music Box
  • 1993: La Petite Apocalypse
  • 1997: Mad City
  • 2002: Amen
  • 2005: Le Couperet
  • 2009: Eden à l' ouest
  • 2012: Le Capital
  • 2019: Adults in the Room

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Costa-Gavras – Biller, Videoen oder Audiodateien