Op den Inhalt sprangen

Arkadien

Vu Wikipedia
Arkadien
Lokalisatioun
Land Griicheland
Gemeng Arkadien
Koordinaten 37°36'N, 22°12'O
Genannt no Arkas
Eng typpesch Landschaft Arkadien.

Arkadien ass eng Bierglandschaft an der Mëtt vun der griichescher Hallefinsel Peloponnes.

Verwaltungstechnesch ass Arkadien ee vun de fënnef Regionaldistrikten an der griichescher Regioun Peloponnes. No der Onofhängegkeet vu Griicheland am Joer 1833 war et et laang Zäit eng eege Prefektur, bis et dee Status 2010 bei der griichescher Verwaltungsreform verluer huet.

Als Haaptuertschaft gëllt d'Stad Tripoli.

Der griichescher Mythologie no soll de Pelasgos den éischten Herrscher vun där Landschaft gewiescht sinn. Zu de spéidere fréigeschichtleche-mythesche Kinneke gëtt den Arkas gezielt, de Jong vum Zeus a vun der Kalisto, no deem d'Landschaft benannt soll sinn. Vill Geschichten aus der griichescher Mythologie, dorënner mam Herakles, spille sech an Arkadien of.

 Commons: Arkadien – Biller, Videoen oder Audiodateien