Regisseur

Vu Wikipedia
Den däitsche Filmregisseur Fritz Lang (riets) bei den Dréiaarbechte fir de Film Die Frau im Mond (1929)

E Regisseur ass eng Persoun, déi bei engem kënschtleresche Stéck Regie féiert, dat heescht, déi d'kreativ Supervisioun huet. Nëmmen an der Musek an am Danz gëtt déi Persoun net Regisseur genannt, mä Dirigent, respektiv Choreograph.

De Regisseur suergt dofir, datt d'Ausféierung op eng bestëmmt Manéier geschitt, an datt déi Ausféierung am grousse Ganze konsistent a koherent ass, souwuel tëschent zwou Zeenen an an der Manéier, wéi d'Personnagen hir Roll spillen.

Regisseure schaffen a verschiddene Beräicher, ënner anerem Film, Theater, Televisioun, Oper an Operetten, Museksvideo, Musical, a Lauschterspill. Si schaffe generell enk mat anere Persounen zesummen, jee no Aart vu Regie zum Beispill mat den Dramaturgen, den Dréibuchauteuren, den Zeenographen, oder de Cinematographen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]