Fritz Lang

Vu Wikipedia
Fritz Lang
Gebuertsnumm Friedrich Christian Anton Lang
Gebuer 5. Dezember 1890
Wien
Gestuerwen 2. August 1976
Beverly Hills
Nationalitéit Däitschland, USA, Éisträich
Educatioun Technesch Universitéit Wien
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Filmediteur, Filmschauspiller, Filmproduzent, Regisseur

De Fritz Lang gebuer als Friedrich Christian Anton Lang de 5. Dezember 1890 zu Wien a gestuerwen den 2. August 1976 zu Beverly Hills, Kalifornien war en éisträichesch-US amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.

De Fritz Lang war de Jong vum Architekt Anton Lang an deem senger Fra Paula Schlesinger. 1907 huet de Fritz Lang mat engem Bauingenieursstudium ugefaange fir duerno 1908 op d'Akademie der bildenden Künste Wien ze wiesselen. 1916 ass hien erëm op Wien zeréckkomm nodeem hien am Krich verwonnt gi war. Do huet hien als Dréibuchauteur fir de Filmregisseur Joe May geschafft.

Am Joer 1919 huet de Lang mat Halbblut säin éischte Film als Regisseur gedréint, aner bekannt Stommfilmer vun him sinn Dr. Mabuse, der Spieler (1921/1922), Die Nibelungen (1924) a Metropolis (1927).

M (1931) ass dem Lang säin éischten Tounfilm mam Peter Lorre an der Haaptroll. De Personnage vum Dr. Mabuse daucht dann am Joer 1933 erëm op am Film Das Testament des Dr. Mabuse . De Film gouf an Däitschland vum Reichsministerium für Volksaufklärung und Propaganda verbueden.

Wéinst dem Naziregime huet de Fritz Lang Däitschland verlooss an ass a Frankräich an den Exil gaangen. Do huet hien dann nach de Film Liliom (1934) mam Charles Boyer gedréint. Duerno ass hien an d'USA emigréiert.

Mat Fury (1936) huet de Lang säin éischte Film an den USA gedréint, mam Spencer Tracy an der Haaptroll. Am Ufank vun den 1940 Jore huet hien e puer Anti-Nazi-Filmer wéi Man Hunt (1941), Hangmen Also Die (1943) a Ministry of Fear (1944) realiséiert.

Duerno huet hien nieft engem Krichsfilm Americain Guerrilla in Philippines (1950), engem Western Rancho Notorious mat der Marlene Dietrich an engem Abenteuerfilm Moonfleet haaptsächlech Melodramen a Filmer vum Genre Film noir wéi Scarlet Street (1945), The Blue Gardenia (1953) a The Big Heat (1953) gedréint.

1956 koum de Fritz Lang erëm zeréck an Europa an huet do nach e Film an 2 Deeler gedréint: Der Tiger von Eschnapur an Das indische Grabmal. Als leschte Film koum den Dr. Mabuse nach eng Kéier un d'Rei mat Die 1000 Augen des Dr. Mabuse.

1964 huet hien am Film Le mépris vum Jean-Luc Godard d'Roll vun engem Filmregisseur gespillt. Haaptacteure waren d'Brigitte Bardot an de Michel Piccoli.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

als Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Filmer an Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Film a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Filmer an den USA[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Moullet, Luc: Fritz Lang. Paräis: Seghers, 1963
  • Peter Bogdanovich: Fritz Lang in America. London: Studio Vista, 1967
  • Lotte Eisner: Fritz Lang. London, 1976
  • Ott, Frederick W.: The Films of Fritz Lang. Secaucus, NJ: Citadel, 1979
  • Maibohm, Ludwig: Fritz Lang. (Heyne Filmbibliothek, Band 32). München: Heyne, 1981, ISBN 3-453-86034-9
  • Kaplan, E. Ann: Fritz Lang. A Guide to References and Resources. Boston: K.G. Hall, 1981
  • Dürrenmatt, Dieter: Fritz Lang. Leben und Werk. Basel: Museum des Films Basel, 1982
  • Humphries, Reynold: Fritz Lang: cinéaste américain. Paris: Albatros, 1982
  • Horak, Jan-Christopher: Anti-Nazi-Filme der deutschsprachigen Emigration von Hollywood 1939-1945. Münster: Maks, 1984
  • Töteberg, Michael: Fritz Lang. (Rowohlts Monographien). Reinbek bei Hamburg: Rowohlt, 1985
  • Cornelius Schnauber: Fritz Lang in Hollywood. Unvollendete Memoiren. Wien, München, Zürich: Europaverlag, 1986, ISBN 3-203-50953-9
  • Schütze, Larissa: Fritz Lang im Exil: Filmkunst im Schatten der Politik. München: Meidenbauer, 2006, ISBN 3-89975-587-1
  • Gehler, Fred / Kasten, Ullrich: Fritz Lang - Die Stimme von Metropolis. Berlin: Henschel, 1990, ISBN 3-362-00522-5
  • Sturm, Georges: Fritz Lang. films, textes, références. Nancy: Presses universitaires Nancy, 1990
  • Eisenschitz, Bernard / Bertetto, Paolo: Fritz Lang. La mise en scène. Paris: Cinémathèque Française, 1993
  • McGilligan, Patrick: Fritz Lang. The Nature of the Beast. New York, NY: Faber and Faber, 1997
  • Hoeppner, Klaus (Red.): Fritz Lang. Filmblätter. Filmografie. Bibliografie, Filmheft, Nr. 6, Berlin: Filmmuseum Berlin - Deutsche Kinemathek, 2001
  • Maik Bozza & Michael Herrmann (Hg.): Schattenbilder - Lichtgestalten. Das Kino von Fritz Lang und F.W. Murnau. Filmstudien. Hrsg. v. M. Bozza u. M. Herrmann. Bielefeld 2009.
  • Howard A. Rodman: Langopolis; Roman; Berlin, Quadriga 1990.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fritz Lang – Biller, Videoen oder Audiodateien