Marlene Dietrich

Vu Wikipedia
Marlene Dietrich
Gebuertsnumm Marie Magdalene Dietrich
Gebuer 27. Dezember 1901
Rote Insel
Gestuerwen 6. Mee 1992
8. Arrondissement
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, USA
Educatioun Musekshéichschoul Weimar,
Ernst-Busch Héichschoul
Aktivitéit Filmschauspiller, Sänger, Autobiograph, Entertainer, Violonist, Theaterschauspiller, Schauspiller, Museker, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Rudolf Sieber
Liewenspartner(in) Erich Maria Remarque, Jean Gabin, Yul Brynner, John F. Kennedy
Papp Louis Erich Otto Dietrich
Mamm Wilhelmina Elisabeth Joséphine Felsing
Kanner Maria Riva
D'Marlene Dietrich

D'Marlene Dietrich, gebuer de 27. Dezember 1901 zu Schöneberg (haut en Deel vu Berlin) als Marie Magdalene Dietrich, a gestuerwen de 6. Mee 1992 zu Paräis, war eng däitsch-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.

Hir Karriär huet an Däitschland ugefaangen, wou si a Stommfilmer gespillt huet. Hir Roll als Lola-Lola an Der Blaue Engel ënner der Regie vum Josef von Sternberg huet si international bekannt gemaach an hir e Kontrakt mat Paramount Pictures an den USA abruecht.

Hollywood-Filmer wéi Shanghai Express an Desire hunn op hire Glamour an exotesche Look opgebaut an hir Plaz als Star gefestegt. Si war déi Zäit eng vun den am beschte bezuelte Schauspillerinnen. 1939 krut si d'amerikanesch Nationalitéit.

D'Marlene Dietrich zu Dikrech[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. an de 15. Dezember 1944 ass d'Marlene Dietrich am Kader vun der USO zu Dikrech fir d'Zaldote vum 109. US-Infantrieregiment opgetratt.[1]

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marlene Dietrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 750 Joer Dikrech Saviez-vous que....