Charlton Heston

Vu Wikipedia
Charlton Heston
Gebuertsnumm John Charles Carter
Gebuer 4. Oktober 1923
Evanston
Gestuerwen 5. Abrëll 2008
Beverly Hills
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun Northwestern University,
Northwestern University School of Communication
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Autobiograph, Theaterschauspiller, Gewerkschaftler, Schauspiller, Dréibuchauteur
Partei Republikanesch Partei, Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Lydia Clarke
Kanner Fraser Clarke Heston
De Charlton Heston poséiert 2001 fir de Magazin Vanity Fair, Fotograf: Jerry Avenaim.

De Charlton Heston (gebuer als John Charles Carter; de 4. Oktober 1923 zu Evanston, Illinois, a gestuerwen de 5. Abrëll 2008 zu Beverly Hills, Kalifornien) war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Biergerrechtler a Waffelobbyist.

No sengem Militärdéngscht vun 3 Joer huet den Charlton Heston Theater, an dunn an Tëleesproduktioune gespillt. 1950 huet en a sengem éischte Kinosfilm, Dark City, gespillt.

Zu senge bekanntste Rollen zielen de Moses an The Ten Commandments (1956), de Judah Ben-Hur a Ben-Hur (1959), woufir en en Oscar fir de beschte Schauspiller krut, de Julius Cäsar a Julius Caesar (1970) an de Marcus Antonius an Anthony and Cleopatra (1972). Och am Science-fiction-Film Planet of the Apes (1968) a sengem Nofollger Beneath the Planet of the Apes (1970) hat en d'Haaptroll, sou wéi och a verschiddene Katastrophefilmer, wéi z. B. Earthquake (1974).

An den 1950er Joren huet den Charlton Heston dem Martin Luther King seng Biergerrechtsbeweegung ënnerstëtzt an huet sech an den 1960er Jore géint de Vietnamkrich engagéiert.

Méi spéit ëmmer méi staark huet hie sech och fir d'Recht agesat, Waffen däerfen ze droen, a war vun 1998 bis 2002 President vun der National Rifle Association.

Hien ass un de Suitë vun der Alzheimer-Krankheet gestuerwen.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • The actor's life: journals, 1956-1976, Autobiographie (red. Hollis Alpert), E.P. Dutton, New York (1978) - ISBN 0-671-83016-3
  • Beijing Diary, Autobiographie, Simon and Schuster, New York (1990) - ISBN 0-671-68706-9
  • In the arena: an autobiography Simon & Schuster, New York (1995) - ISBN 1-57297-267-X
  • To be a man: letters to my grandson, Simon & Schuster, New York (1997) - ISBN 0-684-84116-9
  • Charlton Heston presents The Bible - a companion for families, GT Publishers, New York (1997) - ISBN 1-57719-270-2
  • Charlton Heston's Hollywood: 50 years in American film, Autobiogaphie (mam Jean-Pierre Isbouts), GT Publishers, New York (1998) - ISBN 1-57719-357-1
  • The Courage to be Free (mat engem Préface vum Wayne LaPierre), Saudade Press, Kansas City (2000) - ISBN 978-0-9703688-0-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charlton Heston – Biller, Videoen oder Audiodateien