Op den Inhalt sprangen

Michèle Mercier

Vu Wikipedia
Michèle Mercier
Gebuertsnumm Jocelyne Yvonne Renée Mercier
Gebuer 1. Januar 1939
Nice
Alter 87 Joer
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmschauspillerin, Dréibuchautorin, Schauspillerin, Dänzerin
Auszeechnungen Chevalier des Arts et des Lettres‎, Officier des Arts et des Lettres‎, Chevalier vun der Légion d'honneur‎
Famill
Liewenspartner(in) Giani Esposito,
Andre,
Claude
Websäit http://l3m.free.fr/
D'Mercier als Angélique de Peyrac am Film "Indomptable Angélique" (1967)

D'Michèle Mercier, gebuer als Jocelyne Yvonne Renée Mercier den 1. Januar 1939 zu Nice a Frankräich, ass eng franséisch Schauspillerin.

An hirem éischte Film Retour de manivelle huet si am Joer 1957 matgespillt. E groussen Deel vun hire Filmer huet si an Italie gedréint.

Si huet mat ville bekannte Regisseure wéi dem François Truffaut (Tirez sur le pianiste), dem Mario Monicelli (Casanova '70) an dem Dino Risi (I Mostri) Filmer gedréint.

Richteg bekannt gouf si awer duerch d'Serie vun den Angélique-Filmer vum Bernard Borderie, no de Bicher vun der Anne Golon.

 Commons: Michèle Mercier – Biller, Videoen oder Audiodateien