Senta Berger

Vu Wikipedia
Senta Berger
Gebuer 13. Mee 1941
Wien
Nationalitéit Éisträich, Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Member vun Deutsche Filmakademie
Senta Berger, 1975

D'Senta Berger, gebuer den 13. Mee 1941 zu Wien, ass eng éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin.

Mat 5 Joer huet d'Senta Berger Ballet geléiert a wollt spéider Schauspillerin ginn. Si war duerno um Max-Reinhardt-Seminar.

1958 gouf si Member vum Theater in der Josefstadt.

De Film huet si awer méi ugezunn wéi den Theater, a vun 1959 un huet si ee Film nom anere gedréint.

1962 huet se mam Filmregisseur Michael Verhoeven d'Produktiounsfirma Sentana-Filmproduktion gegrënnt an 1963 huet si sech mat him bestuet.

D'Senta Berger huet eng international Filmcarrière, si huet a Filmer zu Hollywood, an Italien, Frankräich, Däitschland an Éisträich gespillt, mat Regisseure wéi Bernhard Wicki, Sam Peckinpah, Volker Schlöndorff a Wim Wenders. Si war d'Partnerin vu Schauspiller wéi Kirk Douglas, Charlton Heston, James Coburn, Lilli Palmer a Götz George.

1989 hat si e groussen Erfolleg mat der Serie Kir Royal op der däitscher Televisioun. Duerno huet sech hir Carrière bal nëmme méi op der Tëlee ofgespillt.

Zanter 2003 ass si Presidentin vun der däitscher Filmakademie

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1957 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 2010[änneren | Quelltext änneren]

vun 2011 bis 2020[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

vun 1963 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2010[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Senta Berger – Biller, Videoen oder Audiodateien