Cornelia Froboess

Vu Wikipedia
Cornelia Froboess
Pseudonym Die kleine Cornelia, Conny
Gebuer 28. Oktober 1943
Wriezen
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Member vun Akademie der Künste Berlin, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Hellmuth Matiasek
D'Cornelia Froboess beim Grand Prix Eurovision 1962
D'Cornelia Froboess op der Berlinale 2010

D'Cornelia Froboess, gebuer den 28. Oktober 1943 zu Wriezen, ass eng däitsch Schlagersängerin a Schauspillerin.

Am Mee 1951 stoung si fir d'éischt op der Bün als Die kleine Cornelia mam Schlager Pack die Badehose ein. Aus dem Kannerstar ass dann an den 1960 Joren d'Conny en Teenager-Idol ginn. Mat dem Schlager Zwei kleine Italiener hat se net nëmmen an Däitschland e groussen Erfolleg.

1962 huet si Däitschland mam Lidd "Zwei kleine Italiener" beim Eurovision Song Contest an der Stad Lëtzebuerg vertrueden. Si koum op déi 6. Plaz mat 9 Punkten.

Vun 1959 bis 1967 war si a ville sougenannte Schlagerfilmer mat Schauspiller a Sänger wéi Peter Alexander, Peter Kraus, Heinz Erhardt, Rudolf Prack, Waltraut Haas a Peter Weck ze gesinn. Eng Ausnam war am Joer 1962 de franséisch-däitsche Film Le caporal épinglé, vum Jean Renoir mam Jean-Pierre Cassel a Claude Brasseur.

Vun 1972 bis 2001 war si feste Member vun de Münchner Kammerspiele. Nieft dem Theater trëtt si awer nach a villen TV-Filmer op. Si spillt och nach geleeëntlech an intressante Filmer mat wéi Rheinsberg (1967) vum Kurt Hoffmann, Die Sehnsucht der Veronika Voss (1982) vum Rainer Werner Fassbinder an Knockin' on Heaven's Door (1997) vum Thomas Jahn mat dem Thierry van Werveke an enger Haaptroll.

Si ass zanter 1967 mam Theaterregisseur an Intendant Hellmuth Matiasek bestuet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cornelia Froboess – Biller, Videoen oder Audiodateien