Martin Held
Ausgesinn
Martin Held | |
---|---|
De Martin Held (ëm 1957) | |
Gebuer |
11. November 1908 Berlin |
Gestuerwen |
31. Januar 1992 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
De Martin Held, gebuer als Martin Erich Fritz Held den 11. November 1908 zu Berlin, an och do gestuerwen den 31. Januar 1992, war en däitschen Theater- a Filmschauspiller.
Vun 1931 u war de Martin Held am Theater als Schauspiller aktiv. Säin éischte Kinosoptrëtt hat hien am Joer 1951 am Film Schwarze Augen vum Géza von Bolváry.
Bekannt Filmer mat him sinn Der Hauptmann von Köpenick (1956 vum Helmut Käutner mam Heinz Rühmann a Rosen für den Staatsanwalt (1959) vum Wolfgang Staudte mam Walter Giller a Wolfgang Preiss.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1951: Schwarze Augen, vum Géza von Bolváry mam Cornell Borchers a Will Quadflieg
- 1952: Heimweh nach Dir, vum Robert A. Stemmle mam Margot Hielscher a Peter Pasetti
- 1954: Canaris, vum Alfred Weidenmann mam O.E. Hasse a Barbara Rütting
- 1955: Alibi, vum Alfred Weidenmann mam O.E. Hasse an Hardy Krüger
- 1956: Vor Sonnenuntergang, vum Gottfried Reinhardt mam Hans Albers an Annemarie Düringer
- 1956: Der Hauptmann von Köpenick, vum Helmut Käutner mam Heinz Rühmann
- 1956: Friederike von Barring, vum Rolf Thiele mam Nadja Tiller a Carl Raddatz
- 1956: Spion für Deutschland, vum Werner Klingler mam Nadja Tiller a Walter Giller
- 1957: Banktresor 713, vum Werner Klingler mam Hardy Krüger an Nadja Tiller
- 1957: Der Fuchs von Paris, vum Paul May mam Marianne Koch an Hardy Krüger
- 1958: Nasser Asphalt, vum Frank Wisbar mam Horst Buchholz a Maria Perschy
- 1959: Meine Tochter Patricia, vum Wolfgang Liebeneiner mam Gerhard Riedmann a Gerlinde Locker
- 1959: Rosen für den Staatsanwalt, vum Wolfgang Staudte mam Walter Giller a Wolfgang Preiss
- 1959: Bumerang, vum Alfred Weidenmann mam Hardy Krüger a Mario Adorf
- 1960: Der letzte Zeuge, vum Wolfgang Staudte mam Hanns Lothar an Ellen Schwiers
- 1961: Die Ehe des Herrn Mississippi, vum Kurt Hoffmann mam O.E. Hasse, Johanna von Koczian an Hansjörg Felmy
- 1961: Frau Cheneys Ende, vum Franz Josef Wild mam Lilli Palmer a Carlos Thompson
- 1961: Der Traum von Lieschen Müller oder och Happy-End im siebten Himmel, vum Helmut Käutner mam Sonja Ziemann a Cornelia Froboess
- 1962: 90 Minuten nach Mitternacht, vum Jürgen Goslar mam Christine Kaufmann a Christian Doermer
- 1962: Das schwarz-weiß-rote Himmelbett, vum Rolf Thiele mam Thomas Fritsch an Daliah Lavi
- 1963: Liebe will gelernt sein, vum Kurt Hoffmann mam Barbara Rütting a Loni von Friedl
- 1963: Una chica casi formal, vum Ladislao Vajda mam Liselotte Pulver an Alberto de Mendoza
- 1963: Das große Liebesspiel, vum Alfred Weidenmann mam Lilli Palmer an Hildegard Knef
- 1964: Die Festung oder och Verdammt zur Sünde, vum Alfred Weidenmann mam Hildegard Knef an Heidelinde Weis
- 1966: Lange Beine - lange Finger, vum Alfred Vohrer mam Senta Berger a Joachim Fuchsberger
- 1967: Le plus vieux métier du monde, Sketch: La belle époque, vum Michael Pfleghar mam Raquel Welch a Siegfried Schürenberg
- 1967: Der Kommandant von Molinette, vum Rainer Erler mam Pascale Petit a Rudolf Schündler
- 1969: Dr. med. Fabian - Lachen ist die beste Medizin, vum Harald Reinl mam Hans-Joachim Kulenkampff a Maria Perschy
- 1970: Die Herren mit der weißen Weste, vum Wolfgang Staudte mam Walter Giller an Heinz Erhardt
- 1972: Hauptsache Ferien, vum Peter Weck mam Peter Alexander a Christiane Hörbiger
- 1972: Le serpent, vum Henri Verneuil mam Yul Brynner an Henry Fonda
- 1976: Unordnung und frühes Leid, vum Franz Seitz Jr. mam Ruth Leuwerik a Sabine von Maydell
- 1979: Der Pfingstausflug, vum Michael Günther mam Elisabeth Bergner a Brigitte Grothum
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Martin Held – Biller, Videoen oder Audiodateien |