Helmut Käutner

Vu Wikipedia
Helmut Käutner
Filmregisseur Helmut Kautne in Nederland, Bestanddeelnr 910-9501.jpg
Gebuer 25. Mäerz 1908
Düsseldorf
Gestuerwen 20. Abrëll 1980
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Helmut Käutner, gebuer de 25. Mäerz 1908 zu Düsseldorf a gestuerwen den 20. Abrëll 1980 zu Castellina in Chianti (Italien), war en däitsche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

Vun 1931 bis 1935 ass den Helmut Käutner am Cabaret-Ensembel Die Nachrichter opgetrueden. Vun 1936 bis 1939 war hien am Leipziger Schauspielhaus engagéiert.

Säin éischte Film Kitty und die Weltkonferenz huet hien am Joer 1939 gedréint. Dëse Film gouf vun der Nazi-Zensur verbueden. Bekannt Filmer vum Käutner sinn: Unter den Brücken(1944), Die letzte Brücke (1954), Ludwig II (1955) an Des Teufels General (1955).

Als Schauspiller ass hien opgefall an der Mini-TV-Serie Babeck an am Hans-Jürgen Syberberg sengem Film Karl May an der Haaptroll als Karl May.

Den Helmut Käutner war vun 1934 bis zu sengem Doud mat der Schauspillerin Erica Balqué bestuet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Kino

als Schauspiller (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1927: Kreuzer Emden, vum Louis Ralph
  • 1943 Romanze in Moll
  • 1944 Große Freiheit Nr. 7
  • 1948 Der Apfel ist ab
  • 1950: Königskinder
  • 1950: Epilog: Das Geheimnis der Orplid
  • 1958 Der Schinderhannes
  • 1959 Die Gans von Sedan
  • 1960 Wir Kellerkinder, vum Hans-Joachim Wiedermann
  • 1964 Das Gespenst von Canterville (TV)
  • 1968 Babeck (TV Mini-Serie)
  • 1970 Hauser's Memory (TV) vum Boris Sagal
  • 1974 Karl May, vum Hans-Jürgen Syberberg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Cornelsen: Helmut Käutner. Seine Filme, sein Leben. München: Heyne 1980. (Heyne Filmbibliothek) ISBN 3-453-86027-6.
  • Wolfgang Jacobsen an Hans-Helmut Prinzler: Käutner. Berlin: Wiss.-Verl. Spiess 1992. ISBN 3-89166-159-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helmut Käutner – Biller, Videoen oder Audiodateien