O. W. Fischer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) O.W. Fischer)
O. W. Fischer
Gebuertsnumm Otto Wilhelm Fischer
Gebuer 1. Abrëll 1915
Klosterneuburg
Gestuerwen 29. Januar 2004
Lugano
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller

Den Otto Wilhelm ("O. W.") Fischer, gebuer den 1. Abrëll 1915 zu Klosterneuburg an Nidderéisträich, a gestuerwen den 29. Januar 2004 zu Lugano, war en éisträichesche Schauspiller a Filmregisseur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den O.W. Fischer ass an enger Famill opgewuess, déi sech et gutt stoung; de Papp war Hofrat vun der nidderéisträichescher Landesregierung. No e puer Semesteren Anglistik, Germanistik a Konschtgeschicht goung en 1936 an de Max-Reinhardt-Seminar fir Schauspiller ze léieren.

Seng Karriär op der Bün[änneren | Quelltext änneren]

Seng éischt Engagementer krut en beim Theater in der Josefstadt a bei den Münchner Kammerspielen. Tëscht 1938 an 1944 huet hie schonn zum festen Ensembel vum Deutschen Volkstheater Wien gehéiert.
Nom Krich koumen nach vun 1945 bis 1952 de Wiener Burgtheater a seng Optrëtter bei de Salzburger Festspiller.
Hie war ze gesinn an der Titelroll am Hugo von Hofmannsthal sengem Der Schwierige, als Saint Just am Büchner sengem Dantons Tod, am Christian Friedrich Hebbel sengem Demetrius an der Titelroll an a villen aneren.

Seng Karriär beim Film[änneren | Quelltext änneren]

Seng éischt kleng Roll krut de Fischer 1936 am Film Burgtheater. Méi grouss Rolle koume mat den Hans Moser-Filmer 1939 Anton der Letzte an 1940 am Meine Tochter lebt in Wien.

An de Krichsjore war hie beschäftegt mat sympathesche jonke Mënsch-Rollen an "onpolitesche" Filmer: Der Meineidbauer 1941, Wien 1910 1942, Sommerliebe 1942, Glück unterwegs 1944 an den Sieben Briefe 1944.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Kino[änneren | Quelltext änneren]

Als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

vun 1936 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]
vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]
vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]
vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

Als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Bambi 1953, 1954, 1955, 1958, 1959, 1960, 1961, 1987, 1990, 1992.

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • O. W. Fischer: Engelsknabe war ich keiner. Erinnerung an eine Jugend, 1986, Langen-Müller, München
  • O. W. Fischer: Meine Geheimnisse, 2000, Langen-Müller, München, ISBN 3784427707. A senger Autobiographie geet de Fischer ausféierlech op seng "Liewensphilosofie", d' Allhypnose an.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]