Op den Inhalt sprangen

Odile Versois

Vu Wikipedia
Odile Versois
Gebuertsnumm Étiennette de Poliakoff
Gebuer 15. Juni 1930
15. Arrondissement
Gestuerwen 23. Juni 1980
Neuilly-sur-Seine
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Komikerin, Filmschauspillerin
Famill
Bestuet mat Jacques Dacqmine
Geschwëster Olga Varen, Hélène Vallier, Marina Vlady

D'Odile Versois, gebuer als Étiennette de Poliakoff-Baïdaroff de 4. Juni 1930 zu Paräis, an och do gestuerwen den 23. Juni 1980, ass eng franséisch Filmschauspillerin.

Hir Eltere waren den Operesänger Wladimir de Poliakoff an d'Dänzerin Militza Enwald, déi no der Oktoberrevolutioun 1917 vu Russland a Frankräich emigréiert sinn. D'Odile Versois hat nach dräi Schwësteren, déi och alleguer Schauspillerinne waren: d'Marina Vlady, d'Hélène Vallier an d'Olga Baïdar-Poliakoff.

No hirer Scheedung vum Schauspiller Jacques Dacqmine huet si sech 1953 mam Grof François Pozzi di Borgo bestuet.

Am Alter vu 50 Joer ass si u Kriibs gestuerwen an um russesche Kierfecht zu Sainte-Geneviève-des-Bois begruewe ginn..