Danielle Darrieux

Vu Wikipedia
Danielle Darrieux
am Film "Five Fingers"
Gebuertsnumm Danielle Yvonne Marie Antoinette Darrieux
Gebuer 1. Mee 1917
Bordeaux
Gestuerwen 17. Oktober 2017
Bois-le-Roi
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Henri Decoin
Geschwëster Olivier Darrieux
D'Danielle Darrieux (2008).

D'Danielle Darrieux, gebuer den 1. Mee 1917 zu Bordeaux, a gestuerwen den 18. Oktober 2017 zu Bois-le-Roi, war eng franséisch Schauspillerin.

Si hat hir éischt Roll, mat 14 Joer, am Film Le Bal (1931). 1933 huet si d'Haaptroll am Drama Mauvaise Graine, dem Billy Wilder sengem éischte Film a Frankräich, gespillt. 1935 huet si sech mam Filmregisseur Henri Decoin bestuet, mat deem se 10 Filmer gedréint huet. Mat him ass s'op Hollywood geplënnert, wou se 1938 d'Haaptroll an The Rage of Paris, zesumme mam Douglas Fairbanks jr., hat. 1941 huet si sech vum Decoin gescheet a mam Porfirio Rubirosa, der rietser Hand vum Rafael Trujillo, bestuet.

1951 huet d'Danielle Darrieux nieft der Jane Powell a Rich, Young and Pretty gespillt. 1952 war si a 5 Fingers nieft dem James Mason ze gesinn. 1953 ass si hannescht a Frankräich gaangen, fir do a Madame de..., nieft dem Charles Boyer ze spillen. Hir lescht Roll an engem amerikanesche Film hat se 1956, nieft dem Richard Burton an Alexander the Great.

Och an den 2000er Joren hat si nach prominent Filmrollen. Sou huet si z. B. a 8 femmes (2001) gespillt, an a Persepolis (2006) d'Stëmm vun der Groussmamm geschwat.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Danielle Darrieux – Biller, Videoen oder Audiodateien