Jacques Demy
| Jacques Demy | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Jacques Louis Raymond Marcel Demy |
| Gebuer |
5. Juni 1931 Pontchâteau |
| Gestuerwen |
27. Oktober 1990 14. Arrondissement |
| Doudesursaach | AIDS |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | École Louis-Lumière |
| Aktivitéit | Dréibuchauteur, Dialogauteur, Liddertexter, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur, Filmregisseur |
| Gielercher | Louis-Delluc Präis, Palme d'or |
| Famill | |
| Bestuet mat | Agnès Varda (1962–27.10.1990) |
| Kanner | Mathieu Demy |
|
| |
De Jacques Demy, gebuer de 5. Juni 1931 zu Pontchâteau an der Loire-Atlantique, a gestuerwen de 27. Oktober 1990 zu Paräis un enger Gehierbluddung, war e franséische Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Dialogist a Produzent. E war mat der Agnès Varda, enger franséischer Filmregisseurin, bestuet. De Schauspiller Mathieu Demy ass dem Jacques Demy säi Jong.
D'Agnes Varda huet als Erënnerung un hire Mann dräi Filmer gedréint: Jacquot de Nantes (1991), Les demoiselles ont eu 25 ans (1993) a L'univers de Jacques Demy (1995).
Mat dem Film Lola huet de Jacques Demy der Schauspillerin Anouk Aimée e Monument gesat.
De Film Les parapluies de Cherbourg huet iwwerrascht, de ganze Film gëtt nëmme gesongen. D'Musek zu den Dialogen huet de Michel Legrand geschriwwen.
Säin nächste Film, Les demoiselles de Rochefort, ass en Hommage un d'amerikanesch Museksfilmer aus de 1950er Joren, awer duerch de Brëll vun engem Fransous gekuckt.
En aussergewéinleche Mäerchefilm ass Peau d'âne (nom Charles Perrault), vum Sujet hier vläicht net ganz gelongen, dofir sinn d'Fotoen, d'Dekoren an d'Kostümer einfach fantastesch a wonnerschéin.
The Pied Piper spillt och an der Mäerchewelt, am Géigesaz zu Peau d'âne ass dëse Film awer ganz onheemlech a voll Raten an däischtere Persounen.
Mat Une chambre en ville beweist de Jacques Demy erëm eng Kéier, datt hien et verstanen huet d'Schauspillerinne vun hirer schéinster Säit ze weisen. Wann de Film inhaltlech och net ganz gelongen ass, sou gëtt hien der Dominique Sanda eng vun hire schéinste Rollen.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Le sabotier du val de Loire
- 1957: Le bel indifferent mam Jeanne Allard an Angelo Bellini
- 1958: Musée Grévin mam Michel Serrault
- 1959: Ars
- 1961: Lola mam Anouk Aimée an Elina Labourdette
- 1962: Les sept péchés capitaux (Sketch: La luxure) mam Claude Berri a Jean-Claude Brialy
- 1963: La baie des anges mam Jeanne Moreau a Claude Mann
- 1964: Les parapluies de Cherbourg mam Catherine Deneuve an Nino Castelnuovo
- 1967: Les demoiselles de Rochefort mat den zwou Sëschteren Catherine Deneuve a Françoise Dorléac
- 1968: Model Shop mam Anouk Aimée a Gary Lockwood
- 1970: Peau d'âne mam Catherine Deneuve a Jean Marais
- 1972: The Pied Piper oder (The Pied Piper of Hamelin) mam Donald Pleasence, Roy Kinnear an Donavan
- 1972: L'événement le plus important depuis que l'homme a marché sur la Lune mam Catherine Deneuve a Marcello Mastroianni
- 1978: Lady Oscar mam Catriona Mac Coll a Barry Stokes
- 1980: La naissance du jour mam Jean Sorel an Dominique Sanda
- 1982: Une chambre en ville mam Dominique Sanda an Danielle Darrieux
- 1985: Parking mam Jean Marais a Laurent Malet
- 1988: La table tournante mam Mathieu Demy an Anouk Aimée
- 1988: Trois places pour le 26 mam Yves Montand a Catriona Mac Coll
als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- Le bel indifférent (1957)
- Les quatre cents coups (1959)
- Paris nous appartient (1960)
- Les parapluies de Cherbourg (1964)
- Peau d'âne (1970)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jacques Demy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
