1931
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1927 |
1928 |
1929 |
1930 |
1931
| 1932
| 1933
| 1934
| 1935
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1931.
D'Joer 1931 huet op engem Donneschdeg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]
.

Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 1931/1932: D'Wirtschaftskris an Däitschland ass op hirem Héichpunkt. Et gëtt 70.000 Faillitten a 6 Millioune Leit ouni Aarbecht.
- 14. Abrëll: A Spuenie gëtt déi Zweet Spuenesch Republik ausgeruff, de Kinnek Alfonso XIII. geet an den Exil.
- 13. Mee: De Paul Doumer gëtt neie franséische Staatspresident.
- 31. Juli: No de Parlamentswale vum 28. Juni, bei deenen d'Republikaner an d'Sozialisten d'Majoritéit kruten, gëtt den Alcalá Zamora neie Ministerpresident a Spuenien.
- 24. August: De Grof Gyula Károlyi gëtt neie Premierminister an Ungarn (bis Okt. 1932).
- 24. August: De Ramsay MacDonald gëtt neie Premierminister a Groussbritannien (bis 1935).
- 21. September: Déi brittesch Regierung, déi kuerz virun der Staatsfaillite steet, entbënnt de Wäert vum Pond Sterling vun deem vum Gold; d'Pond verléiert 30 % u Wäert, ma déi brittesch Wirtschaft gëtt nees méi kompetitiv.
- 21. Oktober: Nom Récktrëtt vum Alcalá Zamora gëtt de Manuel Azaña neie spuenesche Ministerpresident.
- 11. Dezember: D'brittescht Parlament hëlt de Statut vu Westminster un, mat deem d'Dominions am British Commonwealth of Nations eng wäit legislativ Autonomie kréien. Kanada, Australien, Neiséiland, Südafrika, Neifundland (zënter 1949 Deel vu Kanada) an den Iresche Fräistaat (méi spéit: Republik Irland) gi souverän Staaten.
- 10. Dezember: Den Niceto Alcalá Zamora gëtt zum President vun der Spuenescher Republik gewielt.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]Amerika
[änneren | Quelltext änneren]
USA
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Mee: Den Empire State Building zu New York gëtt vum US-President Herbert Hoover ageweit. Bis 1972 ass et dat héchst Gebai op der Welt.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 2. Januar: De panamesesche President Florencio Harmodio Arosemena gëtt gestierzt.
- 5. Mäerz: Den Daniel Salamanca Urey gëtt neie President vu Bolivien.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- Juli-August: Héichwaasserkatastroph vum Yangtze-Floss a China: Honnertdausende vun Doudesaffer (tëscht 145.000 a 4 Milliounen).
- 18. September: Japan marschéiert an der Mandschurei (China) an a besetzt se bis Ufank 1932 (Mandschurei-Kris).
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Juli: Première vum lëtzebuergesche Kuerzfilm an Documentaire La journée des orphelins vum Evy Friedrich am Stater Ciné l'Écran
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Belfort 4:3 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Pierre Kremer (2) an de Robert Theissen (2) geschoss.[1]
- 1. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Théo Logelin an de Robert Theissen geschoss.[2]
- 12. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Italien.[3]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Ernest Reiter, lëtzebuergeschen Ingenieur an Auteur.
- 5. Januar: Robert Duvall, US-amerikanesche Schauspiller.
- 5. Januar: Alfred Brendel, éisträichesche Pianist.
- 11. Januar: Armand Bissen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. Januar: Ian Hendry, englesche Schauspiller.
- 14. Januar: Caterina Valente, Schauspillerin a Sängerin.
- 16. Januar: Mathias Hinterscheid, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 16. Januar: Johannes Rau, däitsche Politiker.
- 17. Januar: James Earl Jones, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Januar: Chun Doo-hwan, südkoreanesche President.
- 19. Januar: Ingrid Andree, däitsch Schauspillerin.
- 20. Januar: David M. Lee, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 22. Januar: Sam Cooke, US-amerikanesche Sänger.
- 23. Januar: Jean Malget, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Lokalhistoriker a Kierchenhistoriker.
- 25. Januar: Dean Jones, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Januar: Mathias Hinterscheid, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 30. Januar: René Putzeys, lëtzebuergesche Politiker.
- 31. Januar: Hansjörg Felmy, däitsche Schauspiller.
- 1. Februar: Boris Jelzin, russesche Politiker.
- 4. Februar: Ger Maas, lëtzebuergesch Molerin.
- 4. Februar: Isabel Martínez de Perón, argentinesch Presidentin 1974–1976.
- 5. Februar: Vicente Parra, spuenesche Schauspiller
- 7. Februar: François Fug, lëtzebuergesche Schéisser.
- 8. Februar: James Dean, US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. Februar: Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller.
- 9. Februar: Imanuel Geiss, däitschen Historiker.
- 14. Februar: Edouard Molitor, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 15. Februar: Claire Bloom, englesch Schauspillerin.
- 18. Februar: Toni Morrison, US-amerikanesch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréiesch.
- 20. Februar: Arnold R. Klemola, US-amerikaneschen Astronom.
- 26. Februar: Henri Serre, franséische Schauspiller.
- 2. Mäerz: Michail Sergejewitsch Gorbatschow, sowjetesche Politiker.
- 2. Mäerz: Tom Wolfe, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 4. Mäerz: Hubert Erang, lëtzebuergeschen Turner.
- 5. Mäerz: Jean-Paul Roussillon, franséische Schauspiller.
- 6. Mäerz: Hal Needham, US-amerikanesche Cascadeur, Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 8. Mäerz: Neil Postman, US-amerikanesche Mediewëssenschaftler a -kritiker.
- 9. Mäerz: Gilles Perrault, franséische Schrëftsteller, Journalist an Dréibuchauteur.
- 11. Mäerz: Janosch (Horst Eckert), däitsche Kannerbuchauteur a Schrëftsteller.
- 11. Mäerz: Rupert Murdoch, australesch-US-amerikanesche Medienentreprener.
- 15. Mäerz: Joseph Eyschen, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 18. Mäerz: John Fraser, schottesche Schauspiller.
- 22. Mäerz: Jacqueline Monsigny, franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin, Schauspillerin an Televisiounsmoderateurin.
- 22. Mäerz: William Shatner, kanadescher Schauspiller, Sänger, Auteur.
- 26. Mäerz: Leonard Nimoy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. Mäerz: Jeannot Bewing, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 1. Abrëll: Nadine Basile, franséisch Schauspillerin.
- 2. Abrëll: Joseph Joffo: franséische Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 7. Abrëll: Ted Kotcheff, kanadesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 10. Abrëll: Luís Cabral, Politiker aus Guinea-Bissau.
- 11. Abrëll: Nelly Kaplan, franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin a Filmregisseurin.
- 13. Abrëll: Michel Deville, franséische Filmregisseur.
- 13. Abrëll: Robert Enrico, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 13. Abrëll: Manfred Purzer, däitsche Journalist, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 16. Abrëll: Maurizio Pradeaux, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. Abrëll: Tomas Tranströmer, schweedeschen Dichter a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 15. Abrëll: Pierre Vaneck, franséische Schauspiller.
- 17. Abrëll: Bill Ramsey, däitsch-US-amerikanesche Museker, Sänger a Schauspiller.
- 30. Abrëll: Adriana Asti, italieenesch Schauspillerin.
- 3. Mee: Jules Meurisse, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Mee: Ettore Scola, italieenescher Regisseur an Dréibuchauteur.
- 16. Mee: Yvonne Stoffel-Wagner, lëtzebuergesch Turnerin.
- 18. Mee: Adalbert Boros, ungareschen Ingenieur.
- 19. Mee: Tom Toelle, däitsche Filmregisseur.
- 24. Mee: Michael Lonsdale, franséische Schauspiller.
- 25. Mee: Pierre Vernier, franséische Schauspiller.
- 27. Mee: Paul Cloos, lëtzebuergeschen Agrochemiker.
- 28. Mee: Carroll Baker, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Juni: Françoise Arnoul, franséisch Schauspillerin.
- 3. Juni: Raúl Castro, kubanesche Politiker.
- 5. Juni: Jacques Demy, franséische Filmregisseur.
- 8. Juni: Dana Wynter, brittesch Schauspillerin.
- 10. Juni: João Gilberto, brasilianesche Gittarist, Sänger a Komponist.
- 11. Juni: Victor Heinen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. Juni: Fernand Meyssonnier, leschte franséische Schaarfriichter.
- 14. Juni: Jr. Walker, amerikaneschen Tenorsaxophonist.
- 15. Juni: Ingrid van Bergen, däitsch Schauspillerin.
- 18. Juni: Fernando Henrique Cardoso, brasilianesche Soziolog a Politiker.
- 20. Juni: Olympia Dukakis, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 20. Juni: Martin Landau, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juni: Maurice Sarfati, franséische Schauspiller.
- 25. Juni: Vishwanath Pratap Singh, indesche Premierminister.
- 27. Juni: Geneviève Kervine, franséisch Schauspillerin.
- 1. Juli: Leslie Caron, franséisch Dänzerin a Schauspillerin.
- 4. Juli: Jean Dondelinger, lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.
- 4. Juli: Stephen Boyd, amerikanesche Schauspiller.
- 4. Juli: Sébastien Japrisot, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 6. Juli: Antonella Lualdi, italieenesch Schauspillerin.
- 10. Juli: Alice Munro, kanadesch Schrëftstellerin a Literatur-Nobelpräisdréisch.
- 11. Juli: Christiane Minazzoli, franséisch Schauspillerin.
- 11. Juli: Asca Rampini, lëtzebuergesche Komponist.
- 15. Juli: Alessandro Maggiolini, italieenesche Geeschtlechen a Bëschof.
- 16. Juli: Henri Losch, lëtzebuergeschen Auteur a Schauspiller.
- 23. Juli: Jan Troell, schweedesche Filmregisseur.
- 24. Juli: Ermanno Olmi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 30. Juli: Dominique Lapierre, franséische Schrëftsteller.
- 31. Juli: Ivan Rebroff, däitsche Sänger.
- 2. August: Ruth Maria Kubitschek, däitsch-schwäizeresch Schauspillerin.
- 6. August: Umberto Lenzi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 8. August: Roger Penrose, brittesche Physiker a Mathematiker.
- 9. August: Jängy Schmit, lëtzebuergesche Vëlossportler an Tour-de-France-Fuerer.
- 9. August: Mário Zagallo, brasilianesche Foussballspiller.
- 10. August: Renate Holm, däitsch Sopranistin a Schauspillerin.
- 12. August: Johnny Lucas, lëtzebuergesche Kanut.
- 12. August: William Goldman, US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Schrëftsteller.
- 17. August: Nicolas Gessner, ungaresche Filmregisseur.
- 19. August: Marianne Koch, däitsch Schauspillerin.
- 20. August: Bernd Becher, däitsche Fotograf.
- 23. August: Laure Hammes-Quittelier, belsch Grafikerin.
- 26. August: Ann E. Todd, amerikanesch Schauspillerin.
- 3. September: Guy Spitaels, belsche Politiker.
- 4. September: Mitzi Gaynor, US-amerikanesch Schauspillerin, Sängerin an Dänzerin.
- 5. September: Moshé Mizrahi, israeelesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 13. September: Erny Brenner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. September: Benny Berg, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 17. September: Anne Bancroft, amerikanesch Schauspillerin.
- 19. September: Jean-Claude Carrière, franséischen Dréibuchauteur a Schrëftsteller.
- 20. September: Gilbert Trausch, lëtzebuergeschen Historiker.
- 20. September: Haya Harareet, israeelesch Schauspillerin.
- 21. September: Larry Hagman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. September: Edmond Wagner, lëtzebuergesche Philosophieprofesser, Philosoph an Auteur.
- 22. September: Fay Weldon, brittesch Autorin a Feministin.
- 25. September: Théo Kemp, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. September: Freddy Quinn, éisträichesche Schlagersänger.
- 27. September: Edward Meeks, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. September: James Cronin, US-amerikanesche Physiker.
- 29. September: Anita Ekberg, schweedesch Schauspillerin.
- 30. September: Angie Dickinson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Oktober: Ernest Jann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 6. Oktober: Nikolai Stepanowitsch Tschernych, russeschen Astronom.
- 7. Oktober: Desmond Tutu, südafrikanesche Bëschof a Friddensnobelpräisdréier.
- 14. Oktober: Fabrizio Cocchia, italieeneschen Architekt.
- 15. Oktober: A. P. J. Abdul Kalam, indesche Wëssenschaftler a Staatspresident.
- 16. Oktober: Carmen Sevilla, spuenesch Schauspillerin a Sängerin.
- 19. Oktober: John le Carré, englesche Schrëftsteller.
- 20. Oktober: Fernand Salentiny, lëtzebuergeschen Auteur.
- 23. Oktober: Bruno Corbucci, italieenesche Filmregisseur.
- 23. Oktober: Diana Dors, brittesch Schauspillerin.
- 25. Oktober: Annie Girardot, franséisch Schauspillerin.
- 27. Oktober: Jos Hilger, lëtzebuergeschen Ekonomist
- 29. Oktober: Franco Interlenghi, italieenesche Schauspiller.
- 29. Oktober: Tibet, franséische Comicauteur an -zeechner.
- 2. November: Gérard Barray, franséische Schauspiller.
- 3. November: Monica Vitti, italieenesch Schauspillerin..
- 5. November: Jacques Speck, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. November: Ike Turner, US-amerikanesche Museker.
- 5. November: Marie-Paule von Roesgen, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 6. November: Mike Nichols, US-amerikanesche Theater- a Filmregisseur.
- 9. November: Paolo Taviani, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 17. November: Pierre Nora, franséischen Historiker.
- 26. November: Adrianus Simonis, Kardinol an Äerzbëschof vun Utrecht
- 28. November: Tomi Ungerer, franséischen Zeechner, Graphiker an Illustrateur.
- 30. November: Bruce C. Murray, US-amerikanesche Geolog a Planetolog.
- 3. Dezember: Mars Schmit, lëtzebuergesche Konschtprofesser a Moler.
- 5. Dezember: Romolo Guerrieri, italieenesche Filmregisseur.
- 9. Dezember: Raymond Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. Dezember: Luciano Tesi, italieeneschen Astronom.
- 11. Dezember: Iván T. Berend, ungareschen Historiker.
- 11. Dezember: Rita Moreno, puerto-ricanesch Schauspillerin.
- 11. Dezember: Étienne Périer, belsche Filmregisseur.
- 13. Dezember: Giorgio Ardisson, italieenesche Schauspiller.
- 18. Dezember: Gunnel Lindblom, schweedesch Schauspillerin a Filmregisseurin.
- 21. Dezember: Moira Orfei, italieenesch Zirkusdirektesch a Schauspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 3. Januar: Joseph Joffre, franséische Generol.
- 23. Januar: Anna Pawlowna Pawlowa, russesch Dänzerin.
- 11. Februar: Jean Philippe Wagner, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Professer.
- 27. Februar: Erich Wasmann, Jesuitt an Entomolog.
- 11. Mäerz: Friedrich Wilhelm Murnau, däitsche Regisseur.
- 1. Abrëll: Karl Wilhelm Valentiner, däitschen Astronom.
- 9. Abrëll: Jules Salentiny, lëtzebuergesche Forstingenieur.
- 27. Abrëll: Guillaume Capus, lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesenden.
- 29. Abrëll: Nicolas Klein, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Mee: Eugène Ysaÿe, belsche Violonist a Komponist.
- 20. Mee: Damien Bourg, belschen Offizéier vu lëtzebuergescher Ofstamung
- 5. Juni: Solon Irving Bailey, US-amerikaneschen Astronom.
- 9. Juni: William Frederick Denning, britteschen Astronom.
- 24. Juni: Joseph Bertrand, belschen Offizéier.
- 12. Juli: Nathan Söderblom, schweedeschen Theolog a Friddensnobelpräisdréier.
- 18. August: Pierre Kappweiler, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. August: Edouard Conzemius, lëtzebuergeschen Ethnolog.
- 10. Oktober: Théodore Pescatore, lëtzebuergeschen Entreprener, Autoconstructeur.
- 18. Oktober: Thomas Alva Edison, US-amerikaneschen Erfinder.
- 21. Oktober: Arthur Schnitzler, éisträichesche Schrëftsteller.
- 22. Oktober: Gabriel Maugas, franséische Militär a Wëssenschaftler.
- 2. November: Arthur Herchen, lëtzebuergesche Pedagog an Historiker.
- 13. November: Joseph-Alexandre Muller, lëtzebuergesche Komponist.
- 28. Dezember: Curt von François, däitsche Militär.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1931 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 25. Januar 1931 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Mäerz 1931 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien den 12. Abrëll 1931 op der Websäit vum European Football