Tom Wolfe

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller Tom Wolfe (1931-2018). Fir de Schrëftsteller mam Numm Thomas Wolfe (1900-1938), kuckt wgl. Thomas Wolfe.
Tom Wolfe
Gebuertsnumm Thomas Kennerly Wolfe Jr.
Gebuer 2. Mäerz 1930
Richmond
Gestuerwen 14. Mee 2018
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Yale Universitéit,
Washington and Lee University
Aktivitéit Journalist, Romancier, Reporter, Essayist, Saachbuchauteur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Prosaist
Partei Republikanesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences


Den Tom Wolfe, gebuer als Thomas Kennerly Wolfe Jr. den 2. Mäerz 1931 zu Richmond, Virginia, a gestuerwen de 14. Mee 2018[1] zu Manhattan war en US-amerikanesche Schrëftsteller, Journalist, Konscht- an Architekturkritiker an Illustrateur. De Wolfe zielt zesumme mam Truman Capote, Norman Mailer, Hunter S. Thompson a Gay Talese zu de Grënner vum New Journalism, engem Reportagestil bei deem literaresch Elementer an net-fiktionalen Texter agesat ginn.

Dem Wolfe säi Markenzeeche war e wäissen oder vanillfaarwege Kostüm.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

De Wolfe gouf haaptsächlech duerch säin Debut-Roman The Bonfire of the Vanities ((de)Fegefeuer der Eitelkeiten) bekannt, deen 1987 erauskoum. Am Bestseller geet et ëm de Boom op der Bourse an den 1980er Joren an ëm déi reng materiell orientéiert Kultur an der Zäit vum Reagan. Um Beispill vum wäisse Wallstreetbroker Sherman McCoy, op deen eng Hexejuegd gemaacht gëtt well hien zesumme mat senger Frëndin um Doud vun engem Schwaarzen aus der Bronx schëlleg ass, weist de Wolfe meeschterhaft den Zynismus vun de Leit aus der Groussstad New York. D'Buch, dat dacks – nieft dem Bret Easton Ellis sengem American Psycho – als dat exemplarescht New Yorker-Buch aus den 1980er ugesi gëtt, gouf 1990 vum Brian De Palma op eng ëmstridde Manéier verfilmt.

Reportagen an Essayen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • The Kandy-Kolored Tangerine-Flake Streamline Baby. 1965.
  • The Pump House Gang. 1968.
  • The Electric Kool-Aid Acid Test. 1968.
  • Radical Chic & Mau-Mauing the Flak Catchers. 1970.
  • The Painted Word. 1975.
  • Mauve Gloves & Madmen. 1976.
  • The Right Stuff. 1979.
  • In Our Time. 1980.
  • From Bauhaus to Our House. 1981.
  • The Purple Decades. 1982.
  • Hooking Up. 2000.
  • The Kingdom of Speech. 2016.

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • The Bonfire of the Vanities. 1987.
  • A Man in Full. 1998.
  • I am Charlotte Simmons. 2004.
  • Back to Blood. 2012.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tom Wolfe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. RTL.lu - Kultur - Literatur: Den amerikaneschen Auteur a Journalist Tom Wolfe ass dout, gekuckt de 15 Mee 2018