Republican Party (USA)

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
310 First Street SE
Washington, D.C. 20003
 USA
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 20. Mäerz 1854
Memberen: 30,7 Milliounen (2012)[1]
Ideologie: Konservatismus
Wirtschaftsliberalismus
Soziale Konservatismus
Faarf: Rout (inoffiziell)
Websäit: www.gop.com

Alternative Logo

D'Republikanesch Partei (en.: Republican Party) ass nieft der Demokratescher Partei eng vun den zwou grousse politesche Parteien an den USA. Si ass déi méi konservativ a gëtt och nach Grand Old Party (kuerz: GOP) genannt.

Si gouf 1854 mam Zil gegrënnt, d'Sklaverei ofzeschafen. D'Republikaner hunn d'national Politik an d'Politik am gréissten Deel vun den nërdlechen USA an der Period tëscht 1860 an 1932 dominéiert. Bis haut goufen et 18 republikanesch US-Presidenten. (Stand: 2015) Deen éischte war den Abraham Lincoln, dee vun 1861 bis zu senger Ermordung 1965 am Amt war an dee rezenteste war den George W. Bush vun 2001 bis 2009.

Ideologesch gehéiert d'Partei zum konservative Spektrum an ënnerscheet sech domat vum Liberalismus vun der Demokratescher Partei. D'Republikanesch Partei ënnerstëtzt fräi Maartwirtschaft, eng begrenzt Regierung, eng staark national Verdeedegung an eng konservativ Sozialpolitik, an ass géint Reguléirungen a Gewerkschaften. Wat d'Immigratioun betrëfft, sinn d'Meenungen an der Partei gedeelt.

Dat traditionellt Maskottche vun der Partei ass en Elefant.

Republikanesch Presidente vun den USA[änneren | Quelltext änneren]

  1. Abraham Lincoln (1861–1865)
  2. Ulysses S. Grant (1869–1877)
  3. Rutherford B. Hayes (1877–1881)
  4. James A. Garfield (1881)
  5. Chester A. Arthur (1881–1885)
  6. Benjamin Harrison (1889–1893)
  7. William McKinley (1897–1901)
  8. Theodore Roosevelt (1901–1909)
  9. William Howard Taft (1909–1913)
  10. Warren G. Harding (1921–1923)
  11. Calvin Coolidge (1923–1929)
  12. Herbert Hoover (1929–1933)
  13. Dwight D. Eisenhower (1953–1961)
  14. Richard Nixon (1969–1974)
  15. Gerald Ford (1974–1977)
  16. Ronald Reagan (1981–1989)
  17. George H. W. Bush (1989–1993)
  18. George W. Bush (2001–2009)
  19. Donald Trump (2017–2021)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Republican Party – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ProCon: US Political Parties (11. September 2012)