William McKinley

Vu Wikipedia
William McKinley
Funktioun
Virgänger Grover Cleveland
Nofollger Theodore Roosevelt
Partei Republikanesch Partei
Biographie
Gebuer 29. Januar 1843
Gestuerwen 14. September 1901
Buffalo
Bestuet mat Ida Saxton McKinley


De William McKinley, gebuer den 29. Januar 1843 zu Niles (Ohio) a gestuerwen de 14. September 1901 zu Buffalo (New York), war vun 1897 bis 1901 de 25. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.

Hien huet als jonken Offizéier op der Säit vun den Nordstaaten am amerikanesche Biergerkrich gekämpft an huet duerno am Ohio en Affekotebüro opgemaach.

1877 gouf hie fir d'Republikanesch Partei an d'Representantenhaus gewielt.

1891 huet hien d'Wal fir de Gouverneursposte vum Ohio gewonnen.

1896 gouf hien zum 25. President vun den USA gewielt an 1900 gouf hien erëmgewielt.

Am Joer 1901 gouf hie vum Anarchist Leon Czolgosz zu Buffalo ëmbruecht.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William McKinley – Biller, Videoen oder Audiodateien