Op den Inhalt sprangen

Anarchismus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Anarchismus ass eng philosophesch a politesch Léier, respektiv och eng Beweegung, déi all Aart vun Hierarchie als Form vun der Ënnerdréckung vun individueller a kollektiver Fräiheet refuséiert. D'Zil ass fir eng Gesellschaft ouni Dominatioun, mee duerch Solidaritéit, Toleranz an Zesummenaarbecht z'entwéckelen.

An der Praxis gëtt et verschidden Zorten oder Stréimunge vun Anarchismus (individualiteschen Anarchismus, kollektivisteschen Anarchismus, asw.). Wéi och ëmmer, déi politesch Theorie ass an der Haaptsaach eng Utopie bliwwen, well an der Gesellschaft méi staark oder méi schlau Mënschen ëmmer nees versichen, aneren hire Wëllen opzezwéngen, sou datt de facto rëm eng Hierarchie entsteet.

Als "Anarchiste" ginn och Aktiviste wéi de Ravachol, de Caserio, oder Bande wéi d'Bande à Bonnot bezeechent, déi sech eventuell un eenzelen Aspekter vun enger anarchistescher Theorie orientéieren, déi awer an der Haaptsaach nëmme mat spektakulären Handlungen oder Attentater angeblech nei Verhältnesser wëlle schafen, respektiv d'Gesellschaft wëlle gesond bommen. Dat sinn awer keng Idealisten, déi eng méi gerecht a solidaresch Gesellschaft wënschen, mä Nihilisten, respektiv Chaoten oder souguer Terroristen, déi hir Aktivitéiten dacks just mat Iwwerfäll an Abréch finanzéieren.

Bekannt Denker vum Anarchismus

[änneren | Quelltext änneren]
  • Daniel Guérin, L'anarchisme - De la doctrine à l'action; Paräis (NRF-Gallimard), 1965.
  • Normand Baillargeon, L'ordre moins le pouvoir - Histoire & actualité de l'anarchisme; Marseille (Éditions Agone), 2008 (= 4. revidéiert an ergänzt Oplo).
  • Max Stirner, Œuvres complètes, L'unique et sa propriété et autres écrits; Paräis (L'Âge d'Homme), 1972.
  • Pierre Kropotkine, La morale anarchiste; Paräis (Éditions Mille et une nuits), 2015.
  • Michael Bakunin, Die revolutionäre Frage. Föderalismus - Sozialismus - Antitheologismus; Münster (Unrast-Verlag, Klassiker der Sozialrevolte 6), 2000.
  • Daniel Colson, Petit lexique philosophique de l'anarchisme - De Proudhon à Deleuze; Paräis (Le Livre de Poche / biblio essais), 2001.
  • Michel Perraudeau (mat engem Virwuert vum Michel Onfray), Éloge des libertaires - Les 100 mots du libertarisme; Paräis (Autrement), 2016.
  • Michel Onfray, Politique du rebelle - Traité de résistance et d'insoumission; Paräis (Le Livre de Poche / biblio essais), 2016.
Commons: Anarchismus – Biller, Videoen oder Audiodateien