Pierre Joseph Proudhon

Vu Wikipedia
Pierre Joseph Proudhon
Portrait vum Nadar (1862)
Gebuer 15. Januar 1809
Besançon
Gestuerwen 19. Januar 1865
Passy
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Ekonomist, Soziolog, Politiker, Journalist, Philosoph, Schrëftsteller, Drécker
Famill
Bestuet mat Euphrasie Proudhon

De Pierre Joseph Proudhon, gebuer de 15. Januar 1809 zu Besançon (Departement Doubs) a gestuerwen den 19. Januar 1865 zu Passy, Gemeng, déi zanter 1860 zum 16. Arrondissement vu Paräis gehéiert, war e franséische sozialisteschen Theoreetiker a Philosoph. Hie gëllt als de Grënner vum Anarchismus, enger politescher Theorie, déi duerno verschidde Formen ugeholl huet.

De Pierre Joseph Proudhon, deen aus bescheidene Verhältnesser koum, huet eng Léier als Typograph gemaach an huet sech duerch intensiv Lektüre stänneg selwer weidergebilt. Hien ass iwwregens den eenzege revolutionären Theoreetiker vum 19. Joerhonnert, deen aus dem Aarbechtermilieu staamt. Hien huet sech als Journalist an als Polemist een Numm gemaach an huet a sengen Artikelen a Bicher ekonomesch, politesch, philosophesch a soziologesch Theme behandelt. Säin Zil war eng gerecht Gesellschaft ouni Klassen, an där d'Leit, duerch eng konkreet Partizipatioun un allen ëffentlechen Affären, duerch Gläichheet a Solidaritéit an duerch géigesäiteg Hëllef - deemno ouni Autoritéit vun uewen - hiert Liewe géife selwer an de Grapp huelen an am Sënn vum allgemenge Wuel géife féieren.

Am Revolutiounsjoer 1848, an deem déi Zweet franséisch Republik ausgeruff gouf, gouf de P. J. Proudhon als Deputéierte vum Departement Seine an d'Assemblée nationale gewielt. De President vun der Republik, deen deemools gewielt gouf, de Prënz Louis-Napoléon Bonaparte, huet geschwënn en autoritäre Kurs ageschloen an 1851 geputscht, fir méi laang un der Muecht ze bleiwen, wéi d'Constitutioun dat virgesinn huet (duerno huet en den Zweete franséischen Empire ausgeruff). De Proudhon huet net gefaart, fir seng Oppositioun an der Assemblée zum Ausdrock ze bréngen, an hie gouf wéinst Beleidigung zu dräi Joer Prisong verurteelt. Hien ass e wéineg méi spéit op Bréissel an den Exil gaangen, wou e weider u sengen Theorië geschafft huet. Wéi a Frankräich de Regimm sech ëm 1860 liberaliséiert huet, a wéi do en Amnestiegesetz gestëmmt gi war, ass de Proudhon nees heemkomm.

De P. J. Proudhon ass den éischte politeschen Theoreetiker, dee sech als "Anarchist" bezeechent huet. Hien ass iwwregens och deen éischten, dee vu "wëssenschaftlechem Sozialismus" (socialisme scientifique) geschwat huet. Seng Virstellunge si logesch iwwerluecht a systematesch presentéiert, quitt datt de Proudhon, als Mann vu senger Zäit, hei oder do mol e Virurteel iwwerhëlt, dat haut net méi denkbar ass.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Qu'est-ce que la propriété? ou Recherche sur le principe du Droit et du Gouvernement; 1840.
  • Système des contradictions économiques ou Philosophie de la misère; 1846.
  • Solution du problème social; 1848.
  • De la justice dans la Révolution et dans l'Église; 1858.
  • Du principe fédératif et de la nécessité de reconstruire le Parti de la Révolution; 1863.
  • P. J. Proudhon - Textes choisis, présentés et commentés par Joseph Lajugie, professeur à la Faculté de droit de Bordeaux; Paräis (Librairie Dalloz), 1953; 492 Säiten. Dat wichtegt Kapitel V, Mutuellisme et fédéralisme, (Ss. 371-483) kann iwwregens online gelies ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Haubtmann, Pierre-Joseph Proudhon, sa vie et sa pensée; Paräis (Éd. Beauchesne), 1982.
  • Anne-Sophie Chambost, Proudhon et la norme - Pensée juridique d'un anarchiste; Rennes (Presses universitaires de Rennes), 2004.
  • Anne-Sophie Chambost, Proudhon - L'enfant terrible du socialisme; Paräis (Armand Colin), 2009; 288 S.; ISBN 978-2-200-35389-6
  • Élysée Sarin, Proudhon ou l'esprit libertaire; Paräis (Éditions du Monde libertaire), 2009.
  • Thibault Isabel (mat engem Virwuert vum Michel Onfray), Pierre-Joseph Proudhon: L'anarchie sans le désordre; Paräis (Éditions Autrement), 2017.