Zweet Republik (Frankräich)

Vu Wikipedia

Déi Zweet Franséisch Republik (Deuxième République française) war eng republikanesch Staatsform a Frankräich, déi tëscht 1848 an 1852 existéiert huet.

Si goung ervir aus der Februarrevolution, bei där de Louis-Philippe gestierzt gouf, a gouf de 26. Februar 1848 ausgeruff. Den Alphonse de Lamartine war deen éischte provisoresche Premierminister. No enger kuerzer Period, wou déi lénk an déi liberal Kräften nieftenaner existéiert hunn (de 4. Mäerz 1848 gouf, als éischt Land an Europa, dat allgemengt Walrecht fir Männer agefouert), hu sech, virun allem no der Junirevolt 1848 déi moderéiert Liberal duerchgesat. Wéi am Dezember 1848 de Louis Napoleon Bonaparte d'Presidentschaftswale gewonnen huet, hu sech déi antirevolutionär Tendenzen nach eng Kéier gestäerkt. Enn Oktober 1849 huet hien d'Regierung entlooss an duerch Leit ersat, déi him trei waren. Ufanks 1850 gouf e konservatiivt Schoulgesetz agefouert, mat deem d'Roll vun der Kierch däitlech gestäerkt gouf. D'Symboler vun der Revolutioun wéi d'Fräiheetsbeem, hu missen ewechgemaach ginn. Am Mee 1850 gouf dann och nach d'Walrecht nees duerch en Zensus staark limitéiert.

5 Frang vun der Zweet Republik, 1850, Sëlwer.

Den 2. Dezember 1851 (dem Joresdag vun der Schluecht vun Austerlitz an der Kréinung zum Keeser vum Napoleon Bonaparte) huet de Louis Napoleon strateegesch Punkten zu Paräis duerch d'Militär besetze gelooss, Membere vum Parlament verhafte gelooss, d'Parlament opgeléist an de Belgarungszoustand ausgeruff. No deem Staatsstreech koum et am Januar zu déifgräifenden Ännerunge vun der Verfassung, mat deenen d'Muecht vum President gestäerkt gouf. Zënterhier huet d'Republik praktesch just nach um Pabeier bestanen; de Louis Napoleon huet sech ewell Prince-Président nenne gelooss. Ee Joer dropp, den 2. Dezember 1852 ass dann och dat zweet Keeserräich proklaméiert ginn, mam Louis Napoleon als Napoléon III. un der Spëtzt.

Verfassung vun der Zweeter Republik[änneren | Quelltext änneren]

D'Verfassung vum 4. November 1848 erkläert zu enger demokratescher Republik an huet sech zu de Prinzipie vun der Franséischer Revolutioun "Liberté, égalité, fraternité" bekannt. D'Doudesstrof gouf ofgeschaaft a Gratis-Grondschoulënnericht fir jiddereen garantéiert. Nieft dësen emanzipatoreschen Elementer hat se och méi konservativer: Sou goufe Famill, Aarbecht, Eegentum an d'ëffentlech Uerdnung zu de Grondprinzipie vun der Republik deklaréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinz-Gerhard Haupt: Von der französischen Revolution bis zum Ende der Julimonarchie. In: Ernst Hinrichs (Hrsg.): Kleine Geschichte Frankreichs. Bundeszentrale für Politische Bildung, Bonn 2005, ISBN 3-89331-663-9, S. 255–310.
  • Charlotte Tacke: Von der Zweiten Republik bis zum Ersten Weltkrieg. In: Ernst Hinrichs (Hrsg.): Kleine Geschichte Frankreichs. Bundeszentrale für politische Bildung, Bonn 2005, ISBN 3-89331-663-9, S. 311–360.