Alphonse de Lamartine
Alphonse de Lamartine | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alphonse Marie Louis de Prat de Lamartine |
Gebuer |
21. Oktober 1790 Mâcon |
Gestuerwen |
28. Februar 1869 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Politiker, Dichter, Diplomat, Schrëftsteller, Historiker, Autobiograph, Prosaist |
Member vun | Académie française |
Den Alphonse Marie Louis Prat de Lamartine, gebuer den 21. Oktober 1790 zu Mâcon, a gestuerwen den 28. Februar 1869 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller a Politiker. Hien ass virun allem fir seng Gedichter bekannt, huet awer och geschichtlech Wierker hannerlooss.
Hie war eng Zäitchen Diplomat ënner dem Louis XVIII., an zwar am deemols nach net vereenegten Italien. Vun 1833 bis 1851 war e Member vun der Deputéiertechamber; hien huet sech allerdéngs kenger Partei ugeschloss. 1848 huet hien, als natierleche Leader vun de moderéierte Republikaner an als Ausseminister an de facto Chef vun der provisorischer Regierung, eng wichteg Roll am Kontext vun der Revolutioun a vun der Entstéiung vun der 2. Republik gespillt: hien huet déi lénksradikal Bestriewunge mat Erfolleg bekämft an ë. a. dofir gesuergt, datt den dräifaarwege Fändel vu Frankräich net duerch de roude Fändel ersat gouf an huet d'Republik, déi de 27. Februar 1848 ausgeruff gi war, mat Iwwerzeegung verkierpert an alles drugesat, fir sou séier wéi méigleg Walen z'organiséieren, fir dem Land eng nei Constitutioun ze ginn. De Lamartine, deen eigentlech aus engem konservative Milieu koum, huet konsequent progressistesch Idealer verdeedegt: hie war z. B. géint d'Sklaverei an de Kolonien a géint d'Doudestrof am politesche Beräich. Mee an der Exekutivkommissioun, déi agesat gi war bis e President konnt gewielt ginn, souzen haaptsächlech Géigner vun enger méi sozialer Republik. Wéi d'Assemblée nationale déi sougenannt Ateliers nationaux, déi den Aarmen Aarbechtsplaze gebueden haten, ofgeschaft huet, koum et zu Opstänn, déi bluddeg vum Generol Cavaignac néiergeschloe goufen. De Lamartine huet d'Hoffnung op besser Zäiten awer net opginn an huet seng Kandidatur fir President vun der Republik agereecht. Hie gouf awer batter enttäuscht: de Prënz Louis-Napoléon Bonaparte (Neveu vum Keeser Napoléon I. an zoukënftegen Napoléon III.) gouf haushéich mat méi wéi siewe Millioune Stëmme gewielt, an hie selwer krut nëmme 17.510 Stëmmen a gouf zweetleschte vu sechs Kandidaten am Ganzen. No senger schwéierer Néierlag war en tëscht 1848 an 1851 nees Deputéierten, an zwar an der neier Assemblée législative. Wéi de President den 2. Dezember 1851 geputscht huet a kuerz duerno d'Keeserräich zu senge Gonschte restauréiert huet, huet de Lamartine als Deputéierten demissionéiert an nach just, bis 1852, e puer regional a lokal Mandater a senger südburgundescher Heemecht ausgeübt.
Als privilegiéierten Acteur an Zeië vun der Februarrevolutioun huet de Lamartine, dee schonn an de Joere virdrunn eng aachtbänneg Geschicht vun der Franséischer Revolutioun vu 1789 ënner dem Titel Histoire des Girondins erausginn hat, 1849 eng zweebänneg Histoire de la Révolution de 1848 publizéiert. Kuerz duerno, vun 1851 un, huet en sech nach mat enger aachtbänneger Geschicht vun der Restauratioun (1814-1830) ofginn.
De Lamartine ass haaptsächlech bekannt fir seng romantesch Gedichtsbänn. Hien huet och eepesch Romaner an aner Geschichtsbicher geschriwwen. 1830 schonn war hien, am drëtten Ulaf, Member vun der Académie française ginn.
Fir un hien z'erënneren, gouf um Lampertsbierg eng Strooss (Rue Lamartine) no him genannt.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Saül (1818)
- Méditations poétiques (1820)
- Nouvelles Méditations (1823)
- Harmonies poétiques et religieuses (1830)
- Sur la politique rationnelle (1831)
- Voyage en Orient (1835)
- Jocelyn (1836)
- La chute d'un ange (1838)
- Recueillements poétiques (1839)
- Histoire des Girondins (1847)
- Histoire de la révolution de 1848 (1849)
- Raphaël (1849)
- Confidences (1849-51); dozou gehéiert och Graziella, ee Wierk, dat spéider separat opgeluecht gouf.
- Geneviève, histoire d'une servante (1851)
- Le Tailleur de pierre de Saint-Point (1851)
- Graziella (1852); éischt separat Publikatioun
- Les visions (1853)
- Histoire de la Turquie (1854)
- Cours familier de littérature (1856-1869)
- La Vigne et la Maison (1857)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Edouard Kayser, Alphonse de Lamartine (1790-1869), gentilhomme bourguignon, poète, homme politique et historien (150e anniversaire de sa disparition); in: Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 668-684 (mat 11 Fotoen a bibliographeschen Donnéeën).
- Sylvie Yvert, Il était une fois Lamartine; Paräis (Pocket), 2023; ISBN 978-2-266-32724-4 - Ursprénglech ënnert dem Titel Au moins le souvenir zu Paräis (Éditions Héloïse d'Ormesson), 2021, erauskomm.
- Daniel de Montplaisir, Lamartine - Un poète en politique; Paräis (Tallandier), 2020.
- Gérard Unger, Lamartine. Poète et homme d'État; Paräis (Flammarion), 1999.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Alphonse de Lamartine – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gebuer 1790
- Gestuerwen 1869
- Franséisch Auteuren
- Membere vun der Académie française
- Franséisch Historiker
- Franséischen Adel
- Franséisch Ausseministeren
- Franséisch Diplomaten
- Deputéiert vun der Zweeter Franséischer Republik
- Membere vun der Assemblée constituante vun 1848 (Frankräich)
- Membere vun der Académie de Caen
- Abolitionisten