Lampertsbierg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Lampertsbierg
Luxembourg, vue Hollerich-Limpertsberg.jpg
Vue op Hollerech (vir am Bild) an de Lampertsbierg mat der Jousefskierch (am Hannergrond)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Limpertsberg
de: Limpertsberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 10.435 (31.12.2017)
Fläch 157,07 ha
Koordinaten 49° 37’ 21.7’’ N
06° 07’ 14.4’’ O
Limpertsberg quarter highlighted.png
De Lampertsbierg (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)


De Lampertsbierg ass e Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Vill Leit soen och einfach Lamperbierg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Lampertsbierg läit op engem Plateau dee vu Süden a Richtung Norden, bis op eng Héicht vu knapps 336 m iwwer dem Mier[1] klëmmt. Dee Punkt läit bal 100 m iwwer der Uelzecht beim Sichenhaff a 60 m iwwer dem Rollengergronn. Am Westen an Norden gëtt de Lampertsbierg vun de Flanke vum Rollengergronn an der Millebaach ofgegrenzt, am Osten vum Uelzechtdall. Am Süden grenzt de Quartier un d'Uewerstad.

Haaptstroossen déi vu Süden a Richtung Norden duerch de Quartier féieren, si vu Westen a Richtung Osten d'Avenue de la Faïencerie, d'Avenue Pasteur, d'Avenue Victor Hugo an d'Avenue du Bois.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis Uganks vum 15. Joerhonnert stoung um haitege Lampertsbierger Plateau e Bësch. No an no goufen d'Beem gehaen an et goufen Felder a Gäert mat Häff a Wiertschaften ugeluecht[2].

Zur Zäit vun der Festung Lëtzebuerg louch de Lampertsbierg extra muros, just hanner dem Glacis (den haitege Parking huet säin Numm vun deem festungstechneschen Terme). Et war en Hiwwel mat engem Bësch. 1755 ass de Kierfecht Notre-Dame, den Nikloskierfecht do op engem klengen Areal amenagéiert ginn.

De Lampertsbierg, deen do virdrun zu der Gemeng Eech gehéiert huet, ass 1849 zesumme mam Roudebierg an déi nei geschaaft Gemeng Rollengergronn[3] integréiert, ginn, déi bis 1920, wou si un d'Stad Lëtzebuerg ugegliddert ginn ass[4], existéiert huet.

1855 hunn d'Rousenziichter Jean Soupert a Pierre Notting um Lampertsbierg d'Rousenziichterei Soupert & Notting gegrënnt, déi an all Häre Länner Lëtzebuerger Rousen exportéiert huet.

Wéi den Traité vu London 1867 d'Groussherzogtum op éiweg neutral erkläert huet, huet missen d'Festung geschleeft ginn. Doduerch konnt sech de Perimeter vun der Stad entwéckelen.

1912 gouf d'Par Lampertsbierg gegrënnt, a kuerz duerno, 1913, gouf déi grouss neiromanesch Jousefskierch vum Bëschof Jean-Joseph Koppes feierlech ageweit. Haut gehéiert d'Par Lampertsbierg zum Parverband Notre-Dame, Lampertsbierg, Rollengergronn.

Hautdesdaags ass de Lampertsbierg eng gemëscht Zon, also souwuel e Geschäfts- wéi och Wunnquartier. Et fënnt een do nieft ville Privatwunnengen eng Rei Banken, en etlech Bildungsariichtungen (en Deel vun der Université du Luxembourg, de Lycée de garçons de Luxembourg, de Lycée Robert-Schuman, de Lycée technique des arts et métiers, de Lycée technique du Centre an de Lycée Michel-Lucius, d'Victor Hugo-Hal (e Kulturzentrum) an de Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg.

All Joer ass Enn August bis Uganks September um Glacis um Lampertsbierg d'Stater Kiermes, d'Schueberfouer.

Originne vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Originnen an d'Etymologie vum Toponym Lampertsbierg si bis haut net eendeiteg gekläert. Souwäit gewosst, gouf den haitege Lampertsbierg fir d'éischt de 7. August 1314 an engem Dokument ernimmt, wou vun enger Millen ënnerzeg vum Bësch „Lymperch“ Rieds goung.

An de Joren duerno goufen ëmmer erëm änlech Nimm fir dëse Plateau mat sengem Bësch an d'Ëmgéigend gebraucht: e Gaart virum „Lampric“ (1350) oder beim „Lamperchwaige“ (1362), e Festungstuerm „Lymperchtour“ (1388) op der Héicht vun der haiteger Zentralbank, eng Paart „Lamperwegporte“ (1393), e Bësch „Lampertsbusch“ (1411), nees eng Paart „Limperport“ (1429), e Gaart zu „Lympergwege“ (1463) virun der Eecherpaart, Felder um „Limperweg“ (1513), en Haus um „Lymperwech“(1516), e Wee dee vun den Dräi Tierm bis bei den Tuerm „Lymperthorn“ gefouert huet, a schlussendlech e Gaart „uff Limperweg“ virun der Eecherpaart.

Dem Nic. van Werveke no geet de mëttelalterlechen Numm „Lymperch“ oder „Limper“ op de Wuertstamm „Lim“ vum alhéichdäitsche „blinjan“ zréck, wat am mëttelhéichdäitschen „Lime“ entsprécht a souvill heescht wéi (de)„Lehne“ am Sënn vun (de)„Berglehne”, enger Biergflank. Hie mécht awer och d'Referenz vu „Lym“ an „Lim“ op dat laténgescht „leinia“ wat eng Lann ass.

Dem Edmond de la Fontaine an dem Joseph Meyers no kënnt „Limper“ vum alhéichdäitschen „Lim“ wat „Bësch“ heescht. „Perch“ oder „Per“ ass du mat der Zäit zu (de) „Berg“ ginn. „Lymperch“ a „Limper“ kéinten deemno mat „Bierg mam Bësch“ oder „Lanne-Bierg“ iwwersat ginn. Am Joer 1630 wier du mam Suffix „Berg“ en zweete Bierg an Numm bäikomm, wouduerch „Limpertsberg“ am Fong de „Bierg beim Bierg mam Bësch“ heesche géif.

Aner etymologesch Theorië maachen éischter en Zesummenhank vu „Lampertsbierg“ mat (de) „Landwehr“, enger Zort Grenzgruef oder mat (de) „Lamparterweg“, engem Wee vun de Langobarden, déi am Mëttelalter do als Geldwiesseler gewunnt hätten.

Wann ee sech e bëssen am Ausland ëmkuckt, fënnt een zu Bonn e Quartier mam Numm „Limperich“, deen zimlech no un de „Lymperch“ erukënnt. D'Etymologie vun dësem däitschen Numm geet op „Limberg“ oder „Lintberg“ zréck, wat „Bierg vun de Lannen“ („Lanne-Bierg“) heescht a woumat een erëm bei der Theorie vum de la Fontaine an dem Meyers ass.

De Gebrauch vun „Mont Saint-Lambert“ ass vill méi spéit opkomm. Et gëtt ugeholl datt dësen Numm op verschidden Deeler aus der Bevëlkerung zréck geet, déi éischter a francophonen a méi biergerlechen Numm fir hire Quartier wollten. Dësen Toponym ass iwwregens op engem Festungsplang aus dem 18. Joerhonnert erëmzefannen an deemno vun engem franséische Kartograph gezeechent gouf.

De richtege Lëtzebuerger Numm vum Quartier ass „Lampertsbierg“, och wann „Lamperbierg“ (ouni <ts>) nach an der Ëmgangssprooch gebraucht gëtt[5].

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Par Lampertsbierg 1912 gegrënnt gouf [6], huet de Quartier 2.499 Awunner gezielt.

Op den 31.12.2017 hunn um Lampertsbierg 10.435 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 25,47 % géintiwwer 74,53 % Auslänner[7].

Lampertsbierger no Nationalitéit (31.12.2017)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 10 435 100,00%
1 Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 2 658 25,47%
2 Flag of France.svg Frankräich 2 133 20,44%
3 Flag of Italy.svg Italien 794 7,61%
4 Flag of Spain.svg Spuenien 509 4,88%
5 Flag of Germany.svg Däitschland 452 4,33%
6 Flag of Portugal.svg Portugal 444 4,25%
7 Flag of Belgium (civil).svg Belsch 419 4,02%
8 Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich 255 2,44%
9 Flag of the United States.svg USA 245 2,35%
10 Flag of Greece.svg Griicheland 203 1,95%
Top 10 8 112 77,74%
Aner Nationalitéiten 2 323 22,26%

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • De Lampertsbierg. Histoire d'un quartier fleurissant. Lampertsbierger Geschichtsdfrënn asbl, 2018. [mat Artikele vum Cynthia Colling, Stéphanie Ansay, Robert L. Philippart, Lex Langini, Henri Bressler, Yves Steichen an dem Laurent Moyse], ISBN 978-99959-934-8-1
  • Lecorsais, D. „Generationen wechseln, Geschichten bleiben: zu Besuch in Limpertsberg“ op www.wort.lu an an der gedréckter Versioun am Luxemburger Wort vum 31. Oktober / 1. November 2015, S. 36-37 (PDF)
  • Werner, M., Porverbandsrot Lampertsbierg-Rollengergronn, & Fabrique d'église. (2014). Por Lampertsbierg : 100 Joer Kierch, Por, Chorale : Fakten an Erënnerungen. Lampertsbierg: Por.
  • Fixmer, A., & Fixmer, Véronique. (2013). La reine du lampertsbierg : Une enfance luxembourgeoise (2e éd.. ed.). Nospelt: Ultimomondo, ISBN 978-2-919933-81-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lampertsbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. beim Lycée technique du Centre
  2. L'âme du Limpertsberg an: De Lampertsbierg. Histoire d'un quartier fleurissant (Kuckt an der Literatur), S. 7
  3. Loi du 8 mai 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Rollingergrund op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 20187)
  4. Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
  5. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: De Lymperch à Limpertsberg en passant par Lampertsbusch an: De Lampertsbierg. Histoire d'un quartier fleurissant (Kuckt an der Literatur), S. 11-15
  6. Feller, M., 1958. Die Pfarrei Limpertsberg. In: 50e anniversaire...: 1908-1958 / Harmonie municipale Luxembourg-Limpertsberg. Luxembourg, S. 82.
  7. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg op vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)