Op den Inhalt sprangen

Zens (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Zens
Klouschter vun de Karmeliterinnen um Zens
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Cents
de: Cents
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 6.517
  31. Dezember 2024
Fläch 173,09 ha
Héicht 348,6 m
Koordinaten 49° 36’ 57.0’’ N
      06° 09’ 34.0’’ O

Den Zens ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Oste vun der Haaptstad.

Den Zens läit op engem laanggezunne Plateau deen an Ost-Südwestrichtung liicht un Héicht verléiert. Dëse Plateau ass am Norde begrenzt duerch den Dall vum Neiduerf an am Süden duerch den Hammer Dällchen.

Am Oste stéisst en un d'Kalchesbréck an huet och do seng héchst Plaz mat knapp 349 Meter. Op der Héicht vum Carmel geet d'Tréierer Autobunn de queesche Wee ënner dem Zens erduerch.

Am Südweste läit de Fetschenhaff mat de Sportsinstallatioune vum INS an dem Sportlycée.

De westleche Wutz vum Plateau fält relativ géi of, an den Dall vun der Uelzecht, an do fanne mer d'Polvermillen am Süden a Clausen am Norden. Den Ausleefer op der Héicht ass de Plateau vun der Rumm.

Duerch de Quartier leeft de laange Wee bal schnouerriicht d'Nationalstrooss 1A (rue de Trèves, duerno rue Cents) déi vu Clausen, laanscht d'Rumm eropklëmmt, an da weider a Richtung Kalchesbréck a Findel féiert.

Am Süden, am Dall, leeft d'Eisebunnslinn N° 3 déi och eng Halt tëscht dem Äppelwee an dem Hammer Dällchen huet.

De Quartier läit op enger Héicht tëscht 173,1 an 348,6 m.

Den Ursprong vum Numm Cents ass net eendeiteg gekläert. En ass awer warscheinlech op eng Steier (Zensus) zeréckzeféieren déi d'Piechter vum Fetschenhaff der Abtei Almënster hu misse bezuelen[1].

Ausser dem Klouschter vun de Karmeliterinnen dat 1937 gebaut gi war, war den Zens laang en éischter ländlech markéierte Plateau, mat Bauerenhäff, Felder a Wisen, e puer Wiertschaften an dem Zenser Kierfecht. 1961 stoungen do just 112 Haiser, an deene ronn 500 Leit gewunnt hunn. Dunn huet d'Société nationale des habitations à bon marché ugefaangen an der neier „Cité Henri Frommes“ weidere Wunnraum ze bauen. 1962 sinn déi éischt Quartiersstroosse gebaut ginn.

Op den 31. Dezember 2024 hunn um Zens 6.517 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 50,36 % géintiwwer 49,64 % Auslänner. Den Zens ass domat den eenzege Stater Quartier wou den Undeel vun de Lëtzebuerger méi héich ass wéi dee vun den Auslänner[2].

Nationalitéiten um Zens (31. Dezember 2024)[2]
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 6 517 100,00
1 Lëtzebuerg 3 282 50,36
2 Frankräich 474 7,27
3 Italien 405 6,21
4 Portugal 312 4,79
5 Indien 193 2,96
6 Däitschland 155 2,38
7 Spuenien 152 2,33
8 Belsch 128 1,96
9 Griicheland 98 1,50
10 Polen 82 1,26
Top 10 5 281 81,03
Aner Nationalitéiten 1 236 18,97

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Zens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Fernand Cordier, Simone Beck, Die Anhöhe von Cents-Fetschenhof: Episoden einer wechselhaften Geschichte, an: Ons Stad, 119/2019, S. 15
  2. 2,0 2,1 Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2024.