Op den Inhalt sprangen

Weimeschkierch

Vu Wikipedia
Weimeschkierch
Vue op Weimeschkierch
An anere Sproochen fr: Weimerskirch
de: Weimerskirch
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 2.471
  31. Dezember 2025
Fläch 110,50 ha
Héicht 352,20 m
Koordinaten 49° 37’ 41’’ N
      06° 08’ 6’’ O
Weimeschkierch (rout) an der Stad Lëtzebuerg

Kaart

Weimeschkierch ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Nordoste vun der Haaptstad.

Weimeschkierch huet zur Gemeng Eech gehéiert a war am Fong mat Eech eng Unitéit. Dodrun erënnert och de Sproch „Weimeschkierch an Eech leien an engem Streech[1]“.

Weimeschkierch grenzt am Norden un Dummeldeng an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemeng Nidderaanwen an d'Quartiere Kierchbierg, Pafendall an Eech.

De Quartier huet eng Fläch vun 110,50 ha a läit op enger Héicht tëscht 237,4 an 352,2 m.

Ursprong vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

„Weimeschkierch“ staamt aus der fränkesch-merowengescher Epoch a geet op eng vun den eelste Kultplazen zu Lëtzebuerg zeréck. Am Joer 723 huet den Hausmeier Karl Martell d'Uertschaft „Weimeschkierch“ der Abtei St Maximäin vun Tréier geschenkt. Et huet sech ëm fränkeschen Haff gehandelt, zu deem och eng „privat“ Kierch, d'Vimaris ecclesia gehéiert huet, also engem Gotteshaus, dat de Frank Wimar op sengem Grond a Buedem opgeriicht hat.

Zu Weimeschkierch hu bis ufanks vum 20. Joerhonnert haaptsächlech Händlerfamillje gewunnt déi uechtert d'Land gezu si fir Kreemchen (Parzeläin, Bitzgeschier asw.) géint Lompen an aalt Eisen ze tauschen. D'Lompekréimer, déi sech selwer Lakerte genannt hunn, hunn ënner sech d'Lakersprooch oder Lakerschmus geschwat, d'Sprooch vun de Jéiner.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Jéinesch.

2001 hunn zu Weimeschkierch 1.472 Leit gewunnt; op den 31. Dezember 2025 waren et der 2.471. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 31,81 % géintiwwer 68,19 % Auslänner[2].

Nationalitéiten zu Weimeschkierch
(31. Dezember 2025)[2]
Rang Nationalitéit Awunner Undeel
TOTAL 2.471 100,00
1 Lëtzebuerg 786 31,81
2 Frankräich 323 13,07
3 Portugal 216 8,74
4 Italien 165 6,68
5 Belsch 84 3,40
6 Rumänien 67 2,71
7 Spuenien 65 2,63
8 Däitschland 57 2,31
9 Polen 54 2,19
10 Griicheland 44 1,78
Top 10 1.861 75,31
Aner Nationalitéiten 610 24,69
 Commons: Weimeschkierch – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ deels och „Dummeldeng, Weimeschkierch an Eech leien an engem Streech”
  2. 1 2 Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2025.