Schëttermarjal

Vu Wikipedia
Op Schëttermarjal (Juli 2016)

D'Schëttermarjal[1] (fréier Schreifweisen: Schöttermarjal[2], oder Schetter Mariale[3]) ass den Numm vum Bëschhank südlech vu Weimeschkierch, dee sech vum Dall, méi prezis ëstlech vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen bis op de Plateau vum Kierchbierg zitt. Den Hank ass eng ronn 100 Meter breet an ongeféier 300 Meter laang. Op den ieweschten Deel vum Site kënnt een am beschte vum Parking um Enn vun der Rue Jean-Pierre-Sauvage um Kierchbierg aus.

D'Flora vun der Schëttermarjal ass 1997 vum Jean-Jacques Kariger an engem Artikel am Bulletin vun der SNL behandelt ginn.

Am Juli 2016, no der Virstellung vum neie Bebauungsplang (PAG) vun der Stad Lëtzebuerg, gouf et eng Poleemik, well deem Plang no e Lotissement op der Schëttermarjal virgesinn ass. Den Interesseveräin Eech-Dummeldeng-Weimeschkierch an och de Mouvement écologique hu vehement do dergéint protestéiert. Béid Organisatiounen hu verlaangt, datt de Site aus dem Bauperimeter erausgeholl soll ginn[4].

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ufanks Oktober 2016 matgedeelt, datt d'Schëttermarjal net géif als Naturschutzgebitt klasséiert ginn, dat aus zwéi Grënn: de Site géif op nationalem Niveau keng besonnesch Wichtegkeet hunn, an am allgemenge géif den Ëmweltministère keng Zon als Naturschutzgebitt klasséieren, déi an engem PAG als Bauland ausgewisen ass[5]. D'Verwaltungsgeriicht huet allerdéngs am Juli 2020 de PAG vun der Stad annuléiert[6]. D'Cour administrative huet am Mee 2021 d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht confirméiert[7] well d'Ëmweltimpaktstudien am Virfeld net uerdentlech gemaach gi wieren[8].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schëttermarjal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Schëttermarjal. Luxemburger Wörterbuch. Gekuckt de(n) 30.05.2021.
  2. Schöttermarjal(l). Wörterbuch der luxemburgischen Mundart. Gekuckt de(n) 20.05.2021.
  3. Kadasterkaart opgestallt vum Geometer Heuschling
  4. (rr), 2016. Wesentlich besser als die Vorgänger, aber... Neuer Bebauungsplan: "Mouvement écologique" fordert Dialogforen. Luxemburger Wort vum 23./24. Juli 2016, S. 32.
  5. Luxemburger Wort vum 5.10.2016, S. 24.
  6. Danielle Goergen (RTL-Télé): Stater PAG gouf annuléiert, Natur soll erhale bleiwen. Update: 29.07.2020 18:44.
  7. Schëttermarjal a Kennedy Sud: Cour administrative annuléiert Deeler vum Stater PAG. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-30.
  8. Schëttermarjal a Kennedy-Sud: Retour à la case départ. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-30.