Luxemburger Wörterbuch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Luxemburger Wörterbuch ass en Dictionnaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen tëscht 1950 an 1975 an 23 Fascicullen (mat engem Ergänzungsband 1977) erauskomm ass.

Et ass dëst, nom Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 an dem Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906, deen drëtten a bis ewell gréisste lëtzebuergeschen Dictionnaire.

Seng Ufäng leien am Joer 1935, wou vu staatlecher Säit eng sougenannt Dictionnaireskommissioun agesat gi war, déi bannent der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal geschafft huet. 1939 war d'Dictionnaireskommissioun souwäit domat fäerdeg, d'Wierder ze "sammelen". Mä wéinst dem Zweete Weltkrich huet et bis 1948 gedauert, bis d'Aarbechte konnte virugoen. An deem Joer ass eng nei Dictionnaireskommissioun vun der Regierung Dupong-Schaus an d'Liewe geruff ginn. Si bestoung bei hirer Grënnung aus dem President Joseph Tockert, dem Sekretär Robert Bruch, dem Joseph Hess, Ernest Ludovicy, Joseph Meyers, der Hélène Palgen an dem Isi Comes.

Am Februar 1950 ass dann déi éischt Liwwerung, vun A bis Aaschtert, erauskomm. Fir de Saz an den Drock war d'Dréckerei Linden zoustänneg.

1978 huet d'Dréckerei Beffort eng nei Oplo vum Luxemburger Wörterbuch gemaach, déi a Form vu fënnef Bänn erauskoum. Inhaltlech gouf näischt dru geännert, just e puer Wierder, bei deenen et zu enger feelerbedingter Sënnännerung komm war, goufe verbessert.

Déi eenzel Liwwerungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Band I
    • I.: Einleitung, A - Aaschtert (Februar 1950)
    • II.: Aascht - Bereimerei (Oktober 1950)
    • III.: berieden - Buz (Mee 1951)
    • IV.: C - eer (Juni 1952)
    • V.: eer - verdroen (Mee 1953)
    • VI.: Verdross - Phylloxera (Mee 1954)
  • Band II
    • VII.: Ga - Grippert (Mee 1955)
    • VIII: Grippe-sou - Himmel (Mee 1956)
    • IX: Himmel - Joer (Juli 1957)
    • X: Joer - Käser (August 1958)
    • XI: Käserkroun - Klun(t)schelmrei (September 1959)
    • XII: Klun(t)schert - Cuvette (September 1962)
  • Band III
    • XIII: L - mag (Januar 1965)
    • XIV: Mag(a)rin - mockeleg (Januar 1967)
    • XV: Mockendrischel - O (Januar 1968)
    • XVI: O - Passajhéier (Februar 1969)
    • XVII: Passajhéierschëff - puzeg (Februar 1970)
  • Band IV
    • XVIII: R - Sak (Februar 1971)
    • XIX: Sak-auer - Schmot (Februar 1972)
    • XX: Schmotz - spéngelen (Februar 1973)
    • XXI: Spéngelskapp - Tälli (Oktober 1973)
    • XXII: täls - Waasserhiresch (Abrëll 1974)
    • XXIII: Waasserholz Zypress (Abrëll 1975)
  • Band V
    • Ergänzungsband (Dezember 1977)

Wat ass d'Luxemburger Wörterbuch (a wat ass et net)?[änneren | Quelltext änneren]

D'Luxemburger Wörterbuch ass, wéi säin Numm et noleet, eng Sammlung vu Lëtzebuergesche Wierder an Ausdréck. D'Lemmata, déi - meeschtens - alphabetesch organiséiert sinn, ginn op Däitsch genee explizéiert, heiansdo steet och déi franséisch oder, aus Schimmt, laténgesch Entspriechung dobäi. Et fält op, datt d'Wierder zum Deel net der Logik vun der alphabetescher Reiefolleg, mä der phonetescher no getässelt sinn (sou stinn z. B. Wierder, déi mat "V" oder "Ph" ufänken, all ënner dem Buschtaf "F"; Wierder mat "C" stinn, jee nodeem, ënner "K" oder "S", asw.). De Grond heifir war, datt dräi Joer virun der Publikatioun vun der éischter Liwwerung d'Orthographie vum Lëtzebuergeschen duerch en Arrêté ministériel eng éischt Kéier "offiziell" festgeluecht gi war. D'Offiziell Lëtzebuerger Orthographie, wéi se genannt gouf, war konsequent phonetesch, mä et gouf séier kloer, datt se kaum Akzeptanz bei de Leit fonnt hat. Dofir gouf vun der Dictionnaireskommissioun, ënner dem Impuls vum Robert Bruch, eng nei Orthographie ausgeschafft, déi spéider Dictionnaires-Orthographie genannt sollt ginn. D'Dictionnairesmécher schénge sech hirer Saach awer net honnertprozenteg sécher gewiescht ze sinn, dofir déi ernimmte Konzessioun un de phonetesche Prinzip.

Inhaltlech huet d'Luxemburger Wörterbuch den Usproch, en Thesaurus linguae ze sinn, d. h. eng Sammlung vun Allem wat et am Lëtzebuergesche gëtt oder zum Deel fréier gouf. Mat groussem Detail sinn och regional a lokal Variante repertoriéiert. Dran ze fanne sinn och Riedensaarten a Spréchelcher, Nimm an Uertschaftsnimm. Den Dictionnaire ass allerdéngs explizit no puristesche Critèren zesummegestallt ginn: Bewosst op der Säit gelooss gouf, wat vun der Redaktioun als Neologismen ugesi gouf, deemno Wierder, déi onverännert aus dem Däitschen oder Franséischen iwwerholl sinn. Et ass deemno kee komplette Spigel vun der Alldagssprooch.

Doduerch léisst sech och beschreiwen, wat d'Luxemburger Wörterbuch net ass (oder sollt sinn): engersäits ass et kee preskriptiven Dictionnaire, dee géif virschreiwen, wat wéi misst sinn (wat och net verwonnert: Et gëtt keng institutionaliséiert Norméierung, keng Akademie, déi géif definéieren, wéi wat genannt misst ginn), anerersäits och net e sougenannten Hand-Dictionnaire, wou ee just kéint nosichen, wéi wat geschriwwe géif, an deen den Alldaags-Vocabulaire ofdeckt.

En "antisemiteschen, antiklerikalen, auslännerfeindlechen an obszönen" Dictionnaire?[änneren | Quelltext änneren]

Dem Paul Cerf säi Paweesteen

De 7. November 1996 huet de Paul Cerf am Tageblatt en Artikel publizéiert mam Titel "La Section linguistique de l'Institut grand-ducal patronne un ouvrage antisémite, anticlérical, xénophobe et obscène".

An dësem Artikel retracéiert en d'Entstéiungsgeschicht vum Dictionnaire, beschreift, wéi eng nei Dictionnaireskommissioun, déi 1992 aberuff gouf, geschwënn nees auserneegebrach ass, an domat verbonnen de Fait, datt d'Luxemburger Wörterbuch alt nees eng Kéier 1995 onverännert nogedréckt gi war (well et vergraff war). Hie beschreift, datt ënner dem Lemma Judd eng drësseg Spréchelcher an Ausdréck opgezielt sinn, déi all negativ, pejorativ a beleidegend sinn. De Consistoire israélite de Luxembourg hat sech schonn 1986 beim deemolege Kulturminister Robert Krieps doriwwer beschwéiert, an e krut vum Staatssekretär Guy Linster verséchert, datt, wann den Dictonnairen nei opgeluecht géif (réédition), d'Notizen am Ufank vum Lemma ënnerstach an ergänzt géifen[1]. Well am Cerf sengen Aen dëst Verspriechen net ageléist gi war - D'Luxemburger Wörterbuch war, wéi gesot 1993 nogedréckt ginn, an e weidere Protest bei der Delegéierter Kulturminsitesch Marie-Josée Jacobs näischt bewierkt huet, huet en dann deen Artikel geschriwwen. Deen hält op mat enger Rei rhetoresche Froen, wou en der Linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal (IGD-LEO) pekuniär Interessen ënnerstellt an hir Comptabilitéit a Fro stellt.

Lemma "Juddevaderonser" aus dem "Luxemburger Wörterbuch

6 Deeg drop huet de Lex Roth (dee kee Member vum IGD-LEO ass) mat engem Artikel am Lëtzebuerger Journal "geäntwert", an deem e probéiert huet, d'Éier vun den Dictionnairesmécher ze retabléieren, mä wéinst senger gewinnt faarweger Sprooch an enger Rëtsch perséinlechen Attacke géint den Cerf, der Saach éischter e schlechten Déngscht geleescht huet.

An engem Bréif vum 18. Dezember 1996 un de President an de Sekretär vum IGD-LEO huet d'Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges dës an engem secën Toun "somméiert, déi Exemplairë vum Dictionnaire, déi nach net verkaaft sinn, direkt aus dem Verkéier ze zéien", well d'Auteursrechter beim Staat léichen.

Domat krut den Eclat ëm d'Luxemburger Wörterbuch eng nei Dimensioun: Nieft der editorescher an inhaltlecher Dimensioun koum elo nach eng politesch a juristesch dobäi: Politesch, well et äusserst seelen ass, datt de Staat eng Publikatioun, déi en och nach mat gedroen huet, zenséiert, a well sech doduerch d'Fro stellt, ob een Tatsaachen, déi engem net passen - de joerhonnertelaange latenten Antisemitismus an Deeler vun der Bevëlkerung - duerch Zensur einfach sou aus der Welt schafe kann; juristesch, well déi Fro nom Copyright, dat beim Kulturministère léich, sou kloer net ass.

Inhaltlech huet sech och de Guy Rewenig e puermol mam Luxemburger Wörterbuch ausernee gesat: Hie kritiséiert, datt den Dictionnaire e reaktionäert Fraebild géif vehikuléieren (et gëtt Dosende vun Ausdréck, déi d'Fraen als topeg, ellen, liddereg, asw. beschreiwen) a sech ze vill am Sammele vu méiglechst "exoteschen" Ausdréck oder Prononciatioune verléieren, awer keng neutral Beschreiwung vun der moderner Alldaagssprooch liwwere géif.[2]

Déi ganz Diskussioun huet schlussendlech alle Betraffene kloer gemaach, datt en zäitgeméissen Dictionnaire vun deem, wat haut zu Lëtzebuerg geschwat gëtt, iwwerfälleg war. De Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, deen 1998 an d'Liewe geruff gouf, gouf dann och 1999 domat chargéiert, een neien Dictionnaire auszeschaffen.

Dësen ass, no etleche Viraarbechten, zanter 2007 am Gaang, als Lëtzebuerger Online Dictionnaire der alphabetescher Reiefolleg vun de Lemmata no, am Internet publizéiert ze ginn.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wörterbuch. 4 Bänn an 1 Ergänzungsband. Lëtzebuerg: Linden, 1950-1975/1977.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dës Notiz seet: "Spww. [=Sprichwörter] und Raa. [=Redensarten] erinnern noch an die aus mittelalterlicher Intoleranz geborenen Verschrienheit des Juden, werden allerdings heute weitgehend nur noch formelhaft in ihrer pej[orativen] Bed[eutung] gebr[aucht], ohne daß sich der Sprecher einer konfessionellen oder gar rassistischen Diskriminierung bewußt wäre".
  2. Guy Rewenig: "Schiffbruch auf dem Luxemburger Wörtermeer. Kleiner Beitrag zu einer Polemik über den 'Lëtzebuerger Dixionär'", in: forum Nr 175, S.35-42.