Lex Roth

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Lex Roth 2010 um Konveniat vum Joergank 1950 zu Kënzeg.

De Lex Roth, ass den 22. Juni 1933 zu Wolz gebuer als 10. vun 11 Kanner, ass e lëtzebuergesche fréiere Schoulmeeschter, Regierungsrot, Politiker an Auteur.[1]

Hien ass Papp vu fënnef Kanner, ë. a. der Véidoktesch Romi Roth.

Schoul a Beruff[änneren | Quelltext änneren]

  • Latäinsektioun / Lycée classique Dikrech
  • 1949 Concours fir d'Normalschoul
  • Brevets pédagogiques: Ofschloss Normalschoul
    • Aptitude pédagogique
    • Enseignement postprimaire
  • 1954 – 1968 Schoulmeeschter ë. a. zu Kënzeg
  • 1968 Stage + Exame fir instit./ ens. technique+professionnel
  • 1971 Examen + Nominatioun (LTE) fir Professeur d'Ens. Sec. Tech. (Sproochen)
  • 1971 Grënnungspresident vun der Actioun Lëtzebuergesch; zanter 1998 Vizepresident
  • 1974 Membre correspondant vum Institut grand-ducal
  • 1976 Grënner vun de Lëtzebuergeschcourse fir Auslänner
  • 1980 Professeur-attaché / Min. Affaires cult. ( Pierre Werner)
  • 1980 iwwer 3 Joer Lëtzebuergeschcours um Haff
  • 1982 Coordinateur fir d'Preparatioun vum Sproochegesetz (24.02.84)
  • 1984 Conseiller de gouvernement am Staatsministère
  • 1985 President / Restauratioun „Gëlle Fra“
  • 1987 President / Monument G.-D. Charlotte
  • 1988 1er Conseiller de gouvernement an Direkter vum Service information et presse
  • 1993 Pensioun an Éierentitel
  • 1994 Grënner vum Groupement fir d'Lëtzebuerger Souveränitéit
  • 1997 Propositioun + koordinéiert Realisatioun / Rodange-Kulturwee Wolz

Dekoratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen:[änneren | Quelltext änneren]

Bicher an Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kommt, mir léiere Lëtzebuergesch, 1978, 10 Editiounen
  • Lëtzebuergesch Annoncen a Schreifweis, 1979, 5 Editiounen
  • Vun 1986 un, 10 Bänn „Asterix“ + 10 Bänn „Tintin“ op Lëtzebuergesch
  • 23 Bänn / Walt Disney- Mäercheserie
  • Lëtzebuerger Määrchenalbum (Ed. La Passerelle)
  • 25 grouss Artikelen a Veräinspublikatiounen
  • D'Melusina, illustréiert vum Muriel Moritz, 1996, Éditions Saint-Paul, ISBN 2-87963-259-5
  • Orthographie-Blat: Eis Schreifweis an e puer allgemeng Gedanken, 1999 (Oplo 30 000)
  • 40 Fabelen, op Lëtzebuergesch verzielt, 1. Edit. 1973; 2. Edit. 1999
  • Buch iwwer de Michel-Rodange-Reenert-Kulturwee / Wolz, 2004, 135 S., Éditions Saint-Paul, ISBN 2-87989-012-8
  • D'Milly Maus an aner Dichtereien, 2008, Éditions Saint-Paul, 144 S. gebonnen, mat CD, ISBN 978-2-87963-711-2
  • De Grof Sigfrid an d'Melusina, 2013, Éditions Revue, 48 S.,

Press[änneren | Quelltext änneren]

  • e Këppche fir eis Sprooch, 5 Joer Artikel-Serie / Wort, tageblatt, Revue
  • Haaptredaktioun / eng KLACK fir eis Sprooch, bis elo 195 Nummeren (4. August 2013)
  • RTL, 12 Joer (dräimol d'Woch) een Ament fir eis Sprooch, (1972-1984)
  • RTL / TV Hei Elei, 12 Emissiounen iwwer Orthographie
  • DNR, vun 1993 bis 1999, dräimol d'Woch Eis Sprooch,
  • RTL.lu-Internetzeitung 'Rondrëm eis Sprooch' 230 Artikele (4.August 2013)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Lex Roth um Site cvce.eu