Ministère d'État
![]() |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() | |
Staatsministère | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Xavier Bettel, Marc Hansen |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 2, place de Clairefontaine L-1341 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 1857 |
Um Spaweck | https://me.gouvernement.lu/ |
De Staatsministère, offiziell Ministère d'État zu Lëtzebuerg, iwwerwaacht d'alldeeglech Geschäfter vun der Lëtzebuerger Regierung a garantéiert d'Eenegkeet vun de Prinzippien déi an de verschiddenen Deeler vum Staat applizéiert ginn[1].
Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]
De Premierminister (oder Staatsminister) huet d'Presidence iwwer de Regierungsrot. Bei enger Stëmmegläichheet am Regierungsrot ass seng Stëmm ausschlaggeebend. An extrem dréngende Fäll kann hien eng Decisioun huelen, déi eigentlech an der Kompetenz vum Regierungsrot läit. Hie muss de Regierungsrot an deem Fall an der nächster Sëtzung doriwwer an d'Bild setzen.
Kompetenz vum Staatsministère[änneren | Quelltext änneren]
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Staatsministère falen, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[2]. Dozou gehéieren ë. a.:
- d'institutionell Relatioune mam Grand-Duc, der Chamber an dem Staatsrot;
- de Staatlechen Informatiouns- a Pressedéngscht, deen d'Medien an d'Ëffentlechkeet iwwer d'Aktivitéite vun der Regierung informéiert;
- den Zentrale Legislatiounsservice, deen den institutionelle Lien tëscht der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot assuréiert an och fir d'Publikatioun vum Journal Officiel (Mémorial) responsabel ass;
- alles wat d'Staatssécherheet ugeet, wéi zum Beispill den Héije Kommissariat fir national Sécherheet, de Noriichtendéngscht, de Cybersecurity Board an de Computer Emergency Response Team;
- de Wirtschafts- a Sozialrot;
- d'Bezéiunge mat der Zentralbank, an Zesummenaarbecht mam Finanzminister;
- d'consultativ Kommissioun fir Mënscherechter, d'Œuvre national Grand-Duchesse Charlotte an d'Relatioune mam Mediateur.
D'Roll vum Premierminister ass d'Koordinatioun tëscht de verschiddene Ministèren.
Den zoustännege Minister fir d'Bezéiung zum Parlament ënnerstëtzt de Staatsminister bei de Relatioune mat der Chamber.
De Service fir Kommunikatioun a Medien huet d'Responsabilitéit vum Minister fir Kommunikatioun a Medien, a këmmert sech em d'Medien, de Weltraum, elektronesch Kommunikatiounen a Postservicer grad wéi ëm den Dateschutz.
Als Kultusminister këmmert sech de Staatsminister em d'Relatiounen tëscht dem Staat an de reliéise Communautéiten.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ministère d'État – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 9 juillet 1857 portant organisation du Gouvernement grand-ducal.. Art. 6 « Le ministre d'Etat surveille la marche générale des affaires, et veille au maintien de l'unité des principes à appliquer dans les diverses parties du service de l'Etat ». legilux.public.lu (09.07.1857). Gekuckt de(n) 2021-07-24.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.