Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte
| Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte | |
|---|---|
|
De Sëtz vun der Œuvre nationale zu Leideleng | |
| Typ | Établissement public (Lëtzebuerg) |
| Grënnungsdatum | 25. Dezember 1944 |
| Sëtz | Leideleng |
| Presidentin | Danièle Wagener |
| Direkter | Emile Lutgen |
| Branche | Hëllefsorganisatioun |
| RCS | J32 |
| Homepage | https://www.oeuvre.lu/ |
|
| |

D'Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte (eege Schreifweis: Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte) ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, dat ënnert der Tutelle vum Staatsministère steet. Si geréiert an organiséiert d'Loterie Nationale, vun där si hir finanziell Ressource kritt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Œuvre gouf de 25. Dezember 1944 vun der Groussherzogin Charlotte an der Exilregierung zu London gegrënnt[1], fir Suen ze sammelen, fir de lëtzebuergesche Krichsaffer ze hëllefen.
Dofir gouf um Nationalfeierdag, den 23. Januar 1945 e landeswäiten Opruff lancéiert, bei deem d'Lëtzebuerger an d'Lëtzebuergerinnen opgeruff goufen, den Equivalent vun engem Dag Pai ze spenden. Op deem Wee koume 4.621.274,34 Frang zesummen. Wéi d'Grande-Duchesse aus hirem Exil hannescht op Lëtzebuerg koum, goufe bannent 24 Stonnen 280.806,80 Frang gesammelt, fir de Palais mat Blummen ze rëschten.
Den 13. Juli 1945 gouf dunn duerch e groussherzoglechen Arrêté d'Nationallotterie an d'Liewe geruff[2], fir d'Zukunft vun der Œuvre hire Missiounen ze sécheren a reegelméisseg Fongen eranzekréien, ouni Spendenopriff organiséieren ze mussen.
Nach am selwechte Joer gouf et deen éischten Tirage vun der Loterie Nationale[3], a säitdeem fléissen 100 % vum Erléis vun de Spiller vun der Lotterie un d'Œuvre, déi domat deene Vulnerabelsten hëlleft a Projeten a 5 Beräicher finanzéiert.
Iwwer 543 Milliounen Euro (Stand 2025) konnte sou zënter 1945 un d'Beneficiairë vun der Œuvre verdeelt ginn, wat d'Liewe vu villen an der Lëtzebuerger Gesellschaft nohalteg verännert huet.
Eleng tëscht 2015 an 2024 goufen iwwer dausend Projeten ënnerstëtzt.
D'Gesetz iwwer d'Œuvre gouf 2009 ugepasst[4].
Beneficiairen
[änneren | Quelltext änneren]An zwee Reglementer gëtt festgehalen dass e groussen Deel vum Erléis vun der Œuvre un hir legal Beneficiairë geet: een Drëttel geet un de Fonds national de solidarité an ee Sechstel un déi verschidde kommunal Office-sociallen[5],[6].
Do dernieft huet d'Œuvre awer och Beneficiairen, déi reegelméisseg ënnerstëtzt ginn. Nieft dem Fonds de secours pour les Luxembourgeois à Bruxelles an dem Fonds permanent – secours aux victimes de la guerre hëlleft d'Œuvre Organisatiounen, déi zu Lëtzebuerg am soziale Beräich schaffen oder am kulturellen oder sportleche Beräich oder am Ëmweltschutz aktiv sinn.
D'Beneficiairen déi reegelméisseg vun der Œuvre ënnerstëtzt gi sinn:
- Croix-Rouge luxembourgeoise
- Ligue médico-sociale
- Comité olympique et sportif luxembourgeois (COSL)
- natur&ëmwelt (a.s.b.l. a Stëftung Hëllef fir d'Natur)
- Fonds culturel national (Focuna)
- Kultur lx
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Œuvre Nationale gëtt vun engem Verwaltungsrot gefouert, dee vum Premierminister fir eng Periode vu fënnef Joer ernannt gëtt.
| Verwaltungsrot | |
|---|---|
| Period | President |
| Januar 2009 - Mäerz 2022 | Pierre Bley |
| zanter Mäerz 2022 | Danièle Wagener[7] |
| Direktioun | |
| Period | Direkter |
| zanter 2019 | Emile Lutgen |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 25 décembre 1944 portant création d'une Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. legilux.public.lu (25.12.1944). Gekuckt den 18.09.2020.
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 13 juillet 1945 portant création d'une Loterie Nationale. .legilux.public.lu (13.07.1945). Gekuckt den 19.09.2020.
- ↑ (fr) Qui sommes-nous ?. Loterie Nationale. Gekuckt de 04.02.2025.
- ↑ (fr) Loi du 22 mai 2009 relative à l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte et à la Loterie Nationale. legilux.public.lu (22.05.2009). Gekuckt den 18.09.2020.
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 24 novembre 2009 fixant les quotes-parts des offices sociaux communaux et du Fonds National de Solidarité dans le produit de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. legilux.public.lu (24.11.2009). Gekuckt den 19.09.2020.
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 16 janvier 2013 modifiant le règlement grand-ducal du 24 novembre 2009 fixant les quotes-parts des offices sociaux communaux et du Fonds National de Solidarité dans le produit de l'oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. legilux.public.lu (16.01.2013). Gekuckt den 19.09.2020.
- ↑ Déi ganz Zesummesetzung vum aktuelle Verwaltungsrot vun der Œuvre Nationale fënnt een op der Websäit vun der Œuvre.
