natur&ëmwelt
| Natur&ëmwelt | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Ofkierzung | n&ë |
| Zweck | Naturschutz, Ëmweltschutz |
| Grënnungsdatum | 7. Februar 2012 |
| Sëtz | Kockelscheier |
| 5, Route de Luxembourg | |
| President | Roby Biwer |
| RCS | F9032 |
| Websäit | https://www.naturemwelt.lu/ |
|
| |
natur&ëmwelt ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi sech fir de Schutz vun der Natur an der Ëmwelt am Allgemengen asetzt.
De Veräin, dee säi Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier huet, gouf 2012 gegrënnt. natur&ëmwelt gëtt d'Zäitschrëft regulus natur&ëmwelt eraus.
President vun natur&ëmwelt ass zanter dem 19. Mäerz 2013 de Roby Biwer; säi Virgänger[1], de Frantz Charles Muller, ass elo Éierepresident.[2]
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptziler vum Veräin sinn:
„n&ë a pour objet:
- la protection de la nature, de l'environnement, du patrimoine naturel et culturel tant au niveau national qu'au niveau international;
- la promotion de la conservation du milieu naturel et d'une utilisation durable des ressources naturelles, visant le maintien et le développement de la biodiversité;
- le constat, l'inventaire et les études scientifiques concernant la faune et la flore, ainsi que l'environnement naturel, le sol, l'eau et l'air;
- l'élaboration, l'exécution et la promotion de mesures concrètes de protection de la nature;
- la lutte, en utilisant tous les moyens politiques et légaux; contre la destruction de ressources naturelles et la dégradation des paysages;
- l'information, la sensibilisation et l'éducation en matière de protection de la nature et de l'environnement, entre autre par l'édition d'un périodique;
- l'aménagement et l'exploitation de centres nature et de centres de sauvegarde d'animaux sauvages;
- le regroupement des organismes qui œuvrent dans le domaine.
Pour réaliser certains objectifs, n&ë collabore étroitement avec la Fondation natur&mwelt.“
Historique
[änneren | Quelltext änneren]Am Laf vun 2010 hate sech d'Natura, d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga an d'Associatioun D'Haus vun der Natur, mat der Ënnerstëtzung vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, informell ënner dem Numm natur&ëmwelt zesummegeschloss. Déi 'nei' Organisatioun gouf ufanks September 2010 der Ëffentlechkeet virgestallt. natur&ëmwelt a.s.b.l. gouf de 7. Februar 2012 offiziell gegrënnt.[3],[4]
Den 13. Juli 2012 hunn d'Natura, d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (LNVL) an d'Associatioun D'Haus vun der Natur mat natur&ëmwelt fusionéiert an hunn also vun do un net méi als eegestänneg Organisatioune bestanen.[1]
D'Zäitschrëft regulus natur&ëmwelt ass zanter September 2010 ënner dem Logo vun natur&ëmwelt erauskomm. Verantwortlech fir d'Publikatioun war awer[5], bis am Juli 2012, d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
2023 krut natur&ëmwelt asbl d'utilité publique zouerkannt.[6]
Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]- Frantz Charles Muller (2012-2013)
- Roby Biwer (2013-)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- natur&ëmwelt a.s.b.l. (Ed.), 2020. E Bléck an eis Natur vun A-Z. 1. Oplo. Éditions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-9199511-3-0. (Presentatioun op der Säit vum Verlag)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Stëftung Hëllef fir d'Natur
- Mouvement écologique
- Société des naturalistes luxembourgeois
- Vull vum Joer
- Wantervullenzielung
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Fusion zur "natur&ëmwelt a.s.b.l." angenommen. Luxemburger Wort vum 17. Juli 2012, S. 16.
- ↑ natur&ëmwelt: Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten von natur&ëmwelt. Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident von natur&ëmwelt. [1] Cf. Tageblatt 2013, Nr. 68 (21. Mäerz), S. 22 (Natur & Ëmwelt: Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident. Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten).
- ↑ Cf. Grënnungsstatute vum 7. Februar 2012 am Mémorial Nr. 950: 45565-45570 vum 12. Abrëll 2012
- ↑ Cf. d'Statutenännerunge vum 13. Juli 2012 am Mémorial Nr. 2605: 124996-124997 vum 19. Oktober 2012.
- ↑ Cf. a) d'Titelsäit a b) den Impressum S. 35 vun der Nr. 6 (Sept. 2010) vum regulus.
- ↑ Regulus 11 2023, S. 24.
