Natura
Ligue Luxembourgeoise pour la Protection de la Nature et de l'Environnement (NATURA)[1] | |
---|---|
Zweck | Natur- an Ëmweltschutz |
Grënnungsdatum | 1971 (opgeléist 2016) |
Memberen | 34 (membres effectifs 2012) |
Sëtz | Haus vun der Natur |
President | - |
D'Natura, Ligue luxembourgeoise pour la protection de la nature et de l'environnement a.s.b.l., war eng lëtzebuergesch Natur- an Ëmweltschutzvereenegung, déi vun 1971 bis 2012 bestanen huet.
D'Organisatioun huet, ënner Form vun enger Liga, 39 Veräiner regruppéiert déi sech fir den Natur- an Ëmweltschutz engagéiert hunn.
Am Juli 2012 huet d'Natura mat der Asbl natur&ëmwelt, déi se matgegrënnt hat, fusionéiert. Gläichzäiteg goufen déi verschidde Veräiner déi der Natura ugehéiert hunn, Partner-Organisatioune vun natur&ëmwelt.
Historique
[änneren | Quelltext änneren]D'Natura gouf 1971 gegrënnt an hat zanter 1994 hire Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. 1986 war d'Natura Matgrënner vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.
Am September 2010 huet d'Natura sech mat dräi aner Naturschutzorganisatiounen - der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, der Stëftung Hëllef fir d'Natur an der Associatioun D'Haus vun der Natur ënner dem Numm natur&ëmwelt informell zesummegedoe fir vun do un am Beräich Natur- an Ëmweltschutz an der Ëffentlechkeet zesummen aktiv ze sinn.
Nodeem d'Asbl natur&ëmwelt de 7. Februar 2012 offiziell gegrënnt gi war, huet d'Natura den 13. Juli 2012 mat natur&ëmwelt fusionéiert.[2]
Lëscht vun de Veräiner an der Natura
[änneren | Quelltext änneren]- AAT - Garten- und Teichfreunde Luxemburgs
- Aktioun Ëffentlechen Transport
- Association luxembourgeoise des services d'eau (ALUSEAU)
- AMIPERAS
- Association des biologistes luxembourgeois (ABIOL)
- Association des Girl Guides luxembourgeois
- Association des universitaires au service de l'adminisration des eaux et forêts
- Association des forestiers luxembourgeois
- Association luxembourgeoise pour le droit de l'environnement
- Centrale des auberges de jeunesse luxembourgeoises
- Confrérie Saint-Fiacre
- Croix-Rouge luxembourgeoise
- Demeter-Bond Lëtzebuerg (= Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft)
- Entente des communes et syndicats d'intérêt et Association des artisans du Sud
- Fédération générale des instituteurs luxembourgeois
- Fédération horticole luxembourgeoise
- Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs
- Fédération Saint-Hubert des chasseurs du grand-duché de Luxembourg
- FNEL Scouten a Guiden
- Fédération des apiculteurs luxembourgeois
- Fédération des éleveurs de lièvres
- Fir eng ökologesch Jugend
- Frënn vun der Lee
- Groupement des amis du rail
- Groupement des sylviculteurs
- Institut géologique Michel-Lucius
- Les amis du musée d'histoire naturelle
- Lëtzebuerger Déiereschutzliga
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten
- Lëtzebuerger Juegd- a Fëschereiopsiichter (AGPA)
- Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (L.N.V.L.)
- Ligue luxembourgeoise de l'enseignement
- Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer
- Société des naturalistes luxembourgeois
- Société nationale d'arboriculture et d'horticulture
- Syndicat national des enseignants
- Syndicat d'intérêts locaux Gasperich
- Syndicat intercommunal SYVICOL
Organisatiounen un deenen d'Natura bedeelegt war
[änneren | Quelltext änneren]- Stëftung Hëllef fir d'Natur
- Haus vun der Natur
- Ardennes Eifel
- Bureau européen de l'environnement
- Union internationale pour la conservation de la nature (UICN)
- Aktioun Ëffentlechen Transport
- fonds nova naturstroum
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Sou ënnert der Nummer F1577 am Handelsregëster agedroen.
- ↑ Fusion zur "natur&ëmwelt a.s.b.l." angenommen. Luxemburger Wort vum 17. Juli 2012, S. 16.