Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft
De Veräin fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft (sic),[1] och nach Demeter-Bond Lëtzebuerg genannt, war eng vun den zwou Organisatiounen zu Lëtzebuerg, déi sech mat der biologescher Landwirtschaft befaasst huet. De Veräi gouf den 12. Mäerz 1988 gegrënnt[2].
De Veräin huet Baueren, Gäertner, Veraarbechter an Händler regruppéiert, déi net nëmmen d'EU-Bio-Mindestnormen[3] a Follgeveruerdnungen erfëllt hunn, mä no deenen nach méi strengen Demeter-Richtlinne geschafft hunn.
De Veräin huet Treffe vu Produzenten, Konferenzen a Séminairen organiséiert.
De Veräi war Member zu Lëtzebuerg vun der Natur- an Ëmweltschutzvereenegung Natura a vun etika, international bei IFOAM, Demeter International e. V. (1997) an IDBA[4] (2007).
Zesumme mat der ASBL Vereenegung fir biologesche Landbau Lëtzebuerg huet den Demeter-Bond d'Zäitschrëft "Agrikultur"[5] erausginn.
De Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft gouf am Dezember 2012 opgeléist an ass zesumme mat der Vereenegung fir biologesche Landbau Lëtzebuerg an der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg opgaangen.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Registre de Commerce et des Sociétés, Nummer F107
- ↑ Cf. d'Statuten am Mémorial C N°1146: 54962-54965 vum 4.11.2005, wou de Veräi follgenden Numm dréit: "VERÄIN FIR BIOLOGESCH-DYNAMESCH LANDWIRTSCHAFT, A.s.b.l., DEMETER-BOND LËTZEBUERG". D'Grënnungsstatuten fënnt een am Mémorial C N°159 vum 10. Juni 1988.
- ↑ Cf. EU-VO 2092/91 Ökologischer Landbau
- ↑ IBDA = International Biodynamic Association = Internationale Veräi fir biologisch-dynamesch Landwirtschaft
- ↑ Agrikultur - Magazin für ökologische Agrar- & Esskultur in Luxemburg