Etika

Vu Wikipedia
De Logo vun Etika

Etika (Stiliséierung: etika) ass eng lëtzebuergesch Associatioun, déi alternativ Finanzéierunge fërdert a sech fir e méi eetheschen Ëmgang mat Suen asetzt.

Si gouf am Dezember 1996 als Alterfinanz gegrënnt. D'Grënnungsmembere ware fënnef aner Organisatiounen aus der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft: d'ASTM, de Cercle de coopération des ONG, den Demeter-Bond, d'Caritas an den Oekofonds.[1] 2000 huet d'Associatioun hiren aktuellen Numm ugeholl.

Zesumme mat der Spuerkeess bitt Etika zënter 1997 en "alternative Spuerkont" un, bei deem de Client genee weess, a wéi eng Projeten d'Bank seng Suen investéiert.[2],[3]. De Client huet eng finanziell Rendit, déi e bësse manner héich ass wéi op engem traditionelle Spuerkont, well e manner Zënsen op säin Erspuertes kritt - dofir kann e sech awer sécher sinn, datt seng Suen a Projeten investéiert ginn, déi streng sozial an ekologesch Krittäre respektéieren. Zu den ënnerstëtze Projeten zielen zum Beispill Bio-Bauerenhäff, Bio-Butteker, Restauranten a Veraarbechtungsbetriber.

2005 goufen et 500 där Konten, siwe Joer méi spéit schonn 1.000. Enn August 2017 haten 1.128 Persoune sou en alternative Spuerkont mat engem Gesamtverméige vun 52,1 Milliounen Euro.

Donieft organiséiert d'Associatioun och nach verschidden Aktivitéiten, Weiderbildungen a Virträg (ënner anerem a Schoulen), fir en eetheschen Ëmgang mat Suen ze promouvéieren.

Etika ass Member an den dräi nationalen Netzwierker Votum Klima, Meng Landwirtschaft an Infine.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. etika.lu: 15 ans de finance sociale au Luxembourg (4. Januar 2012)
  2. Lëtzebuerger Journal: Bußgeld für die Spuerkees (4. Oktober 2016)
  3. Forum Nr 291: Ethisches Sparen dank Finanzkrise beliebter?