Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg

D'Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, kuerz FNEL, ass déi laizistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg. D'FNEL gouf den 30. Juli 1916 am Café du Commerce an der Stad vun eenzele Scoutsgruppe gegrënnt an ass domat och déi eelsten Scoutsorganisatioun am Land. D'FNEL ass Grënnungsmember vum haitege Weltverband WOSM.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
1916: Den 30. Juli gëtt Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg grënnt, mat dem Zil, eenzel Scoutstruppen am ganze Land zu grënnen an ze federéieren.
1919: D'FNEL zitt vill Memberen aus dem antiklerikalen Aarbechtermileu un a gëtt sech dowéinst laizistesch Statuten.
1966: D'Fédération nationale des éclaireurs du Luxembourg hëlt och Meedercher an hir Beweegung op.
1976: D'Federatioun gëtt sech hiren neien Numm Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.
2008: De fréiere Logo mat den heednesche Symboler (deemools en Zeeche géint déi chrëschtlech Scoute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten) gëtt duerch en neien, neutrale Logo ersat an nei, gro Hiemer ginn agefouert.
2012: D'AGGL, Association of Girl Guides of Luxembourg, gëtt un d'FNEL affiliéiert.
Ziler an Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]"But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people.
Try and leave this world a little better than you found it...[1]"
D'FNEL wëllt dozou bäidroen datt jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d'Hand huelen, fir datt si sech zu selbstänneg, responsabel an engagéiert Bierger entwéckelen. D'FNEL bitt de verschiddenen Altersgruppen ugepasste Programmer un, déi sech haaptsächlech a klengen Ekippen an der Natur ofspillen. D'Motto vun der FNEL ass: "Trei zum Land". D'FNEL ass fir jiddwereen op.
D'Aktivitéite vun der FNEL baséieren op Wäerter a Methode vum Scoutissem:
- Frëndschaft
- Solidaritéit
- Toleranz
- Demokratie
- Spill a Spaass
- Learning by doing
- Benevolat
Dozou gehéiere geméiss den Iddie vum Baden-Powell och d'Scoutsverspriechen an d'Scoutsgesetz[2]:
- De Scout engagéiert sech fräiwëlleg fir d'Wäerter an d'Ziler vum Scoutissem.
Opbau vun der FNEL
[änneren | Quelltext änneren]
Gruppen
[änneren | Quelltext änneren]D'FNEL besteet aus ënnerschiddlech grousse Gruppen, déi geographesch organiséiert sinn. Déi meescht Gruppe benenne sech no engem Déier.
Branchen
[änneren | Quelltext änneren]Déi eenzel Gruppen hirersäits bestinn aus de follgende Branchen:
| Beaver | Jonker vu 5 bis 8 Joer |
| Wëllefcher | Jonker vun 8 bis 11 Joer |
| Scouten / Guiden | Jonker vun 11 bis 14 Joer |
| Explorer | Jonker tëscht 14 an 16 Joer. |
| Rover | Jonker tëscht 16 bis 21 Joer |
| Tembo | Erwuessener ab 21 Joer |
Direktiounskommitee
[änneren | Quelltext änneren]Den Direktiounskommitee besteet aus de Commissairen an Adjointe vun den ënnerschiddleche Commissariater souwéi dem Nationalpresident, dem Generalsekretär a Generaltresorier. Aktuell[Stand:12. Februar 2026] si follgend Scoute Member vum CoDir:
| Funktioun | Numm | Totem | Groupe | am Mandat säit |
|---|---|---|---|---|
| Président National | Georges Krombach | Renert créatif | Les Aigles | 2022 |
| Vice Président National | Nancy Braun | Manul hardi | Lions bleus | 2025 |
| Commissaire Générale | Julie Bové | Colibri perfectionniste | Mamer Wiselen | 2023 |
| Commissaire Général adjoint | Bob Schimberg | Bobac éclairé | Mamer Wiselen | 2023 |
| Commissaire au Programme | Tom Leclerc | Maral songeur | Mamer Wiselen | 2023 |
| Commissaire au Programme adjoint | Chris Backes | Dippecher Dachsen | 2024 | |
| Commissaire à la Formation | Pat Halsdorf | Hirondelle insécure | Les Hirsch | 2023 |
| Commissaire à la Formation adjointe | Patty Ney | Chinkara déterminée | Mamer Wiselen | 2023 |
| Commissaire International | Aleksis Piron | Pongo démonstratif | Lion bleus | 2025 |
| Commissaire International adjointe | Vicky Pundel | Suri bienveillante | Kiewerlecken | 2025 |
| Commissaire International adjoint | Clément Potocki | Raccoon indécis | Unité Robert Schuman | 2025 |
| Trésorier Général | François Folmer | Les Aigles | 2020 | |
| Secrétaire général | Philippe Berscheid | Steno émotif | Eechternacher Quaichlecken | 2021 |
De CoDir gesäit sech eemol de Mount a geréiert den Alldag vun der Fédératioun. De Comité de Direction kuckt no de Gruppen, dem Programm, der Formatioun, de Finanzen, de Kaderen, der Kommunikatioun, dem Internationalen an der Strategie a sicht nei Léisunge fir d'Fédératioun nohalteg no vir ze bréngen.
Amicale
[änneren | Quelltext änneren]D'Amicale vun der FNEL besteet aus fréiere Memberen, Elteren a Frënn. Si organiséiert Fester a gëtt der Organisatioun finanziell Hëllef.
Formatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Cheffe vun der FNEL schaffe benevol. Si maachen eng vum Staat unerkannte Formatioun[3] vu ronn 12 Deeg, déi sech iwwer 2 Joer erstrecken.
D'Formatioun besteet aus prakteschen an theoreetesche Coursen, z. B.:
- Wéi organiséieren ech e Camp, eng Versammlung?
- D'Entwécklung vum Kand oder vum Jugendlechen.
- Animatioun
- Administratioun
- Kommunikatioun
- Naturpedagogik
- Scoutstechniken:
- Kaart a Kompass
- Hygiène
- Spiller
- Lidder
- Bastelen
- Kniet
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Scouten zu Lëtzebuerg
- Home Lucien-Wercollier, de Chalet vun den Däreldéieren um Briddel
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS), déi kathoulesch Scouten zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Geschicht vun der FNEL, archivéiert
- D'Websäit vun der FNEL
- D'Websäit vun der FNEL ONDG
- D'Websäit vum Misaershaff, dem Formatiounszenter vun der FNEL
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "... and when your turn comes to die, you can die happy in feeling that at any rate you have not wasted your time but have done your best". Dëst ass en Auszuch aus Notizen, déi nom Baden-Powell sengem Doud fonnt gi sinn. Cf. d'Notizen op wikisource
- ↑ D'Scoutsgesetz ass keen Zwang, mä weist him d'Ziler déi hie soll ustriewen.
- ↑ De Brevet d'animateur respektiv de Brevet d'aide animateur.