Lycée privé Émile-Metz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) LTPEM)
Lycée privé Émile-Metz
(LTPEM)
Typ Privatschoul
Land Lëtzebuerg
Gegrënnt 4. November 1914
Genannt no Émile Metz
Um Spaweck http://www.ltpem.lu/


D'Erënnerungsplack

De Lycée privé Émile-Metz, a Kuerzform LPEM, huet de 4. November 1914 fir d'éischt seng Dieren opgemaach. Dëst war méiglech nodeem d'Edmée Metz-Tesch der ARBED eng bedeitend Geldstëftung vermaach huet, fir zu Éiere vun hirem verstuerwene Mann Émile Metz zu Dummeldeng eng Wierksschoul ze grënnen, déi als Institut Émile-Metz säin Numm sollt droen. Zil war et, d'Situatioun vun der Aarbechterklass duerch eng besser Ausbildung ze verbesseren.[1]

Am Haff vum Institut steet e Monument mat enger Dankbarkeetserklärung un d'Madame Edmée Metz-Tesch.

Den LPEM mëttlerwéil e modernen technesche Lycée mat méi wéi 500 Schüler.

Den LPEM ass déi eenzeg Schoul zu Lëtzebuerg wou een eng Ausbildung als Fligermecanicien (Aircraft Maintenance Licence, AML) an zum Techniker an de Smart Materials maache kann.

Am Hierscht 2023 gëtt zu Déifferdeng en zweete Site a Betrib geholl.[2]

Gestioun[änneren | Quelltext änneren]

De Lycée gëtt zanter 1995 vun der A.s.b.l. Fondation LTPEM verwalt, déi am Juli 1995 vun der Fondation Veuve Emile Metz-Tesch a vun der Chambre de commerce gegrënnt gouf.[3] De Verwaltungsrot besteet aus siwe Memberen:

  • dräi Administrateuren, déi vum Lëtzebuerger Staat genannt ginn;
  • een Administrateur, dee vun der Fondation Veuve Emile Metz-Tesch genannt gëtt;
  • een Administrateur, dee vun der Chambre de commerce genannt gëtt;
  • zwéin Administrateuren, déi vun ArcelorMittal genannt ginn;

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • ...
  • ????-2003: ... Mathieu
  • 2003-2009: René Tissier
  • 2009-2010: Armand Lengler
  • 2010-2020: Théo Thill
  • 2020-2022: Martine Berchem
  • 2022- haut: Pascal Thill

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée privé Émile-Metz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Op der Internetsäit iwwer d'Geschicht vun der Schoul steet: « Madame Veuve Emile Metz-Tesch décide en 1913 de créer l'Institut Emile Metz dont le but est le développement physique et moral de la classe ouvrière et l'amélioration de sa situation matérielle. »
  2. "Am Hierscht: Lycée privé Emile Metz och zu Déifferdeng." 100komma7.lu, 23. Abr 2023.
  3. De Veräi gouf den 19. Juli 1995 gegrënnt. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 542, Säit 26009.