Bouneweg
Bouneweg | |
---|---|
Vue aus dem Fliger op een Deel vu Bouneweg; ganz riets am Bild d'Diddenuewener Strooss | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bonnevoie de: Bonneweg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 13.551 |
31.12.22 | |
Koordinaten |
49° 35’ 49’’ N 06° 08’ 18’’ O |
Bouneweg ass eng Uertschaft am Südoste vun der Gemeng Lëtzebuerg a besteet zu engem Deel aus dem Quartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht an zu engem aneren aus dem Quartier Bouneweg-Süd. Bouneweg huet 13.551 Awunner (2022).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Bouneweg kënnt angeblech vun de Réimer, déi Bouneweg „Bonavia“ (bona - „gutt“ a via - „Wee“) genannt hätten[Source?]. Eng Rei Historiker zweiwelen awer mëttlerweil un dëser Theorie. A wann den Evy Friedrich mengt, datt den Numm eventuell vu „bonus vicus“ hierkënnt[1], dann ass dat allerdéngs linguistesch net z'erkläeren. Wéi och ëmmer, d'Originn vum Numm ass net definitif gekläert. Den Numm ass schrëftlech net virun 1238 ze fannen, an domat sinn d'Réimer schonn aus dem Rennen...
Schonn ier am 13. Joerhonnert zu Bouneweg e Klouschter gegrënnt gouf, war d'Plaz besidelt[Source?], well se op enger Kräizung vun e puer Stroosse louch. Ee Kiem koum vun Duelem iwwer Haassel an Hesper op Bouneweg, iwwerdeems en zweete vun Izeg hierkoum. Vu Bouneweg aus ass d'Strooss duerch de Stadgronn op de Fëschmaart gelaf, wou se op de Kiem Tréier - Reims gestouss ass. Eng zousätzlech Strooss huet vu Bouneweg aus eng Verbindung mam leschtgenannte Kiem op der haiteger Areler Strooss gemaach.
Op de grousse Stroosse goufe sengerzäit dacks Leproserien ugeluecht an dat war och zu Bouneweg de Fall. An der Géigend vun enger Kapell, déi – sou d'Traditioun – vun der Irmina vun Tréier oder vu Veréierer vun hir opgeriicht gi war, gouf et deemno eng Leproserie. Méi spéit – virun 1238 – gouf dës an den Uelzechtdall, tëscht Eech a Weimeschkierch, baussent de Stadmaueren, verluecht. De geneeën Datum, wéini se verluecht gouf ass net bekannt. An engem Dokument vun der Gräfin Ermesinde vun 1238 gëtt déi deemools fréier Leproserie zu Bouneweg genannt, wouraus ee schléisse muss, datt se virun 1238 verluecht gouf.
Op der Plaz vun der fréierer Leproserie zu Bouneweg gouf eng Zisterzienserabtei gegrënnt. D'Klouschter krut Schenkungen, huet Terraine kaaft [Source?] a sech séier vergréissert. Se gouf och vun de Grofen ënnerstëtzt: den Heinrich V. huet de Schwësteren erlaabt Holz aus senge Bëscher ze huelen, de Jang de Blannen huet hinne Servituden nogelooss an de Wenzel I. grad ewéi de Wenzel II. hunn dem Klouschter Vergënschtegungen zougestanen.
Am Laf vun de Joerhonnerten ass d'Klouschter e puermol verbrannt, ë. a. 1427, 1542, 1558 a 1794 sou datt hautdesdaags kaum nach Dokumenter iwwreg sinn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bouneweger Klouschter.
An der Zäit vun Directoire gouf d'Klouschter 1795 zum Bien national deklaréiert an den 11. Mäerz 1798 versteet. Neie Proprietär vun de Ruine gouf de Jean-Baptiste Wirtgen, deen an der Philippsgaass eng Wiertschaft hat. Als „Postmeeschter“ war hie hien zoustänneg fir den Transport vun der Post tëscht Lëtzebuerg, Metz, Arel, Tréier an Dikrech. Op sengen neien Terrainen zu Bouneweg huet hien e Bauerebetrib opgemaach mat Ställ fir seng Päerd a Postkutschen.
1836 huet den Händschefabrikant Jonas Lippmann de gréissten Deel vun de Gebaier kaaft fir säi Betrib aus der Philippsgaass op Bouneweg ze verleeën[2]. D'Awunnerschaft vu Bouneweg ass séier an d'Luucht gaangen, well d'Aarbechter no bei der Schaff wunne wollten. D'Fabrick ass zu engem Industriebetrib ginn, deem säi Sëtz zu Bréissel war. De Betrib koum a Schwieregkeeten an nom Doud vum Jonas (1841) ass säi Bouf an Associé Isaï Lippmann 1848 mat senger Famill op Paräis geplënnert.
D'Händschefabrick huet e puermol de Besëtzer gewiesselt, bis se 1861 vum Auguste Charles zesumme mat der Bank Wagner-Schoemann kaaft gouf, an du weider ausgebaut gouf. Zu där Zäit hu ronn 1.500 Leit an der Fabrick geschafft, siwemol méi Leit wéi Bouneweg am Joer 1800 Awunner hat. 1870, nom Doud vum Auguste Charles huet säin Neveu an Associé, den Adolphe Omlor, de Betrib weidergefouert.
D'Fabrick hat sech op d'Produktioun vun Händschen aus Geesselieder spezialiséiert, déi haaptsächlech an d'USA exportéiert goufen. Wéi d'Amerikaner de Wuerenimport limitéiere wollten an héich Steieren an Taxen op auslännesche Wuere gefrot hunn, konnt dem Omlor säi Betrib dat net méi bezuelen an d'Händschefabrick huet um Enn vun den 1880er Joren zerguttst zougemaach.
En neit Kapitel fir Bouneweg huet den 30. Oktober 1858 ugefaangen, wéi de Prënz Hari de Grondstee fir d'Gare Lëtzebuerg geluecht huet, déi deemools net zur Stad Lëtzebuerg, mä zur Sektioun Hollerech-Bouneweg vun der fréierer Gemeng Hollerech gehéiert huet. De Bau vun der Gare an den Eisebunnsstrecken a Richtung Tréier, Ettelbréck oder an de Süde vum Land hunn eng Rei Ännerunge fir de Quartier mat sech bruecht: Stroosse goufen ëmgeleet, Brécke goufe gebaut, …
Déi besser Verkéierssituatioun an d'Noperschaft zur Gare an hirem Ëmfeld (Atelieren, …) huet mat sech bruecht, datt sech ëmmer méi Leit zu Bouneweg néiergelooss hunn, an zwar haaptsächlech Eisebunner. Doduerch, datt beim Schleefe vun der Festung och op der Bouneweger Säit Fläche fräi goufen, sinn do nei Wunn- a Geschäftsvéierel entstanen.
Duerch d'Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Bouneweg-Hollerech den Titel vun enger Stad: La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie[3].
Am Éischte Weltkrich goufen d'Gare an d'Rangéiergare Zwickau bombardéiert, Deeler vu Bouneweg goufe beschiedegt an eng Partie Leit si gestuerwen. Eng Rei Bouneweger Awunner hunn hier Haiser verlooss a koumen zäitweis am Walfer Schlass ënnerdaach.
Bis den 1. Juni 1920 huet Bouneweg zu der Gemeng Hollerech gehéiert. Op deem Dag gouf et zesumme mat Hollerech duerch Gemengefusioun un d'Stad Lëtzebuerg ugeschloss[4].
Och am Zweete Weltkrich koume bei Bombardementer 128 Leit aus dem Quartier ëm d'Liewen.
Nom Krich ass Bouneweg weider gewuess, nei Wunn- Aarbechts- a Sportplaze sinn entstanen.
Bekannt Bouneweger
[änneren | Quelltext änneren]- John Ernest Dolibois (1918 - 2014), US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg (1981-1985).
- Hugo Gernsback (1884 - 1967), Editeur a „Papp“ vun der Science Fiction.
- Paul Goerens (1882-1945), Professer vun der Metallurgie.
- Gabriel Lippmann (1845-1921), franséische Physiker an Nobelpräisdréier (1908) (zu Bouneweg op d'Welt komm; säi Gebuertshaus steet op der Place du Parc).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Bouneweger Kierch
- Lëtzebuerg (Stad)
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Zisterzienserinnenabtei Bouneweg
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Edouard M. Kayser, Des exclus aux recluses: les origines de Bonnevoie revisitées; in: récré/Ausbléck, Nr. 33 (2024); Ss. 59-80 (ill., Bibliogr.).
- Fernand Théato, 2006, Bouneweg, eng Stad fir sech? an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ons stad Nr 16/1984 mat enger Rei Artikelen iwwer Bouneweg
- Evy Friedrich, Paul Ruppert, Bona Via, Bonus Vicus: Bonneweg und seine Geschichte, ons stad, 16/1984, S. 11-13
- Kuerzfilm De 27. Me' 1945 - Bo'neweg e'ert seng gefâlen Helden. aus dem Archiv vum CNA (ouni Toun, 17 Minutten)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ kuck: Evy Friedrich, Bona Via, Bonus Vicus: Bonneweg und seine Geschichte um Spaweck, wou awer leider keng Nimm vun den Historiker genannt ginn.
- ↑ Von alten Straßen und Gewerben. d'Lëtzebuerger Land, S. 10 (07.09.1956). Gekuckt de(n) 14.05.2021.
- ↑ Loi du 7 avril 1914 attribuant la qualification de ville à la section de Hollerich-Bonnevoie. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-13.
- ↑ Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-13.