Walfer Schlass

Vu Wikipedia
Walfer Schlass
D'Walfer Schlass 2008
Typ Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Walfer
Plaz Helsem
Adress 28, Route de Diekirch
Koordinaten 49° 39’ 38.81’’ N
      6° 08’ 0.42’’ E
Statut Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter
D'Walfer Schlass, 2011.
1918 am U.S. Army Evacuation Hospital No.13.
D'Kinneklech Reitställ, Zeechnung vum Nicolas Liez, 1834.

D'Walfer Schlass ass e Schlass zu Helsem an der Gemeng Walfer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum Schlass geet an d'Joer 1817 zeréck, wéi de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. zu Walfer e kinnekleche Reitstall baue gelooss huet. Dee gouf 1830, an der Folleg vun der Belscher Revolutioun nees opginn, an d'Gebaier stoungen eng 10 Joer eidel.

1841 ass de Wëllem II. um Wee fir op Dikrech do laanscht komm, an huet gefrot, d'Gebaier nees an d'Rei setzen ze loossen, fir als Residenz vum Kinnek-Groussherzog, wann deen zu Lëtzebuerg wier, ze benotzen.

De 5. Februar 1850 huet de Wëllem III. säi Brudder, de Prënz Henri zu sengem Lieutenant-Représentant fir Lëtzebuerg ernannt, d'Walfer Schlass gouf seng Residenz. Duer ass och seng Fra Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, mat där e sech 1853 bestuet huet, wunne komm. D'Koppel war ganz beléift bei der Walfer Bevëlkerung, ë. a., well de Prënz Henri de Walfer Kanner fir Chrëschtdag kleng Kaddoe gemaach huet.

Nom Doud vum Prënz Henri, 1879, stoung d'Schlass nees eng 10 Joer eidel, bis de Groussherzog Adolphe, deen 1890 op den Troun koum, do seng zweet Residenz ageriicht huet. No sengem Doud 1905 wousst alt nees keen eppes mam Gebai unzefänken, bis et dann am Éischte Weltkrich benotzt gouf, fir do déi Famillen ënnerzebréngen, déi aus de Quartieren no bei der Gare vun der Stad Lëtzebuerg, wéinst méigleche Bommenugrëffer evakuéiert goufen. Um Enn vum Krich huet d'Amerikanesch Arméi do e Lazarett, d'U.S. Army Evacuation Hospital No.13 ageriicht.

1930 gouf dunn eng Léierinneschoul dran installéiert, déi bis zum Enn vum Zweete Weltkrich sollt a Betrib sinn.

Duerno ware bis 1947 amerikanesch Zaldoten do aquartéiert. Bis 1967 war et eng Kasär vun der Lëtzebuerger Arméi.

No Ëmbauaarbechten war den Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques (ISERP) am Schlass, aus deem spéider d'Fakultéit fir Sproochwëssenschaft a Literatur, Geeschteswëssenschaft, Konscht an Erzéiungswëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg gouf. 2015 ass d'Universitéit vu Walfer op de Belval geplënnert, an den Educatiounsministère huet den eduPôle am Schlass ageriicht, an deem verschidde vu sengen Zerwisser relokaliséiert goufen[1].

Den 28. November 1979 gouf d'Walfer Schlass op den Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walfer Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. portal.education.lu: eduPôle: Presentatioun (gekuckt de 16. Juli 2019)
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).