Op den Inhalt sprangen

Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach

Vu Wikipedia
Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach
Gebuer 20. Mäerz 1830
Gent
Gestuerwen 1. Mee 1872
Walfer
Famill
Bestuet mat Henri vun Oranien-Nassau

D'Amalia Maria da Gloria Augusta, gebuer den 20. Mäerz 1830 zu Gent a gestuerwen den 1. Mee 1872 zu Walfer, war Prinzessin vu Sachsen-Weimar-Eisenach an éischt Fra vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, dem Jong vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II.

Se war d'Duechter vum Karl Bernhard vu Sachsen-Weimar-Eisenach an der Ida vu Sachsen-Meiningen. 1847 huet se op Madeira de Prënz Henri kennegeléiert, deen do sengem kranke Brudder Alexander Gesellschaft geleescht huet. Si huet sech den 19. Mee 1853 zu Weimar mam Henri bestuet. D'Koppel ass op Lëtzebuerg an d'Walfer Schlass wunne komm, wou den Henri Leitnant-Gouverneur war, deen als de gudde Prënz Hari an d'Lëtzebuerger Geschicht agoung.

D'Prinzessin Amalia hat grouss Sympathien an der Bevëlkerung. Si huet sech fir déi Aarm am Land agesat ouni dat un déi grouss Ëffentlechkeet ze bréngen. E besonnescht gutt Verhältnis hat si mat de Leit vu Walfer. Eng fest Institutioun waren hir Chrëschtdagskaddoe fir d'Schoulkanner.

D'Koppel hat selwer keng Kanner. D'Amalia ass den 1. Mee 1872 gestuerwen, nodeems si bei engem Spadséiergang am Gréngewald vum Reen iwwerrascht gouf an eng schwéier Longenentzündung krut. De 15. Mee war e Begriefnisgottesdéngscht am Walfer Schlass. Dausende Lëtzebuerger hunn si dunn op dem Läichenzuch bis op d'Stater Gare begleet. Mat engem Spezialzuch gouf d'Doudelued op Delft gefouert. Si gouf do an der Nieuwe Kerk begruewen.

1876 gouf, a Presenz vun hirem Wittmann, um Bord vum Park vun der Stad Lëtzebuerg, d'Monument Amalia zu hiren Éieren ageweit.

De Michel Lentz huet si a sengem Gedicht Zwei Tage esou beschriwwen:
Sie ist nicht mehr: Uns ruft die Glocke
Die Trennungsstunde wimmernd zu;
Es steht ein ganzes Volk in Tränen
Denn seine Fürstin ging zur Ruh;
Das Vaterland, das Haupt umhüllet,
Klagt an dem Sarg im Trauerflor
Um seine allgeliebte Mutter
Die es zu früh, zu früh verlor.

An der Stad erënnert d'Avenue Amélie, déi an der Linn vum Monument Amalia an dem Amaliabuer läit, u si, zu Helsem d'Cité Princesse Amélie an zu Beetebuerg d'Rue Amélie.

  • Scheffen, Jean-Louis, Sie war des Landes Mutter, Die Warte, 15|2722, S. 4- 7, Luxemburger Wort, 5. Mee 2022
  • Knaff, Joseph Arthur, Prinzessin Amalia-Maria-Da-Gloria-Augusta Der Niederlande, Geborene Prinzessin Von Sachsen-Weimar-Eisenach : Biographische Skizze. Luxemburg: Druck Und Verlag V. Bück, 1876, a-z.lu
Commons: Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach – Biller, Videoen oder Audiodateien