Op den Inhalt sprangen

Sequoiaen am Amaliepark

Vu Wikipedia
Sequoiaen am Amaliepark
Déi zwou Sequoiaen,
an der Mëtt d'Monument Amalia
Kategorie Bemierkenswäerte Bam zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Adress Avenue Amélie
Koordinaten 49°36'50,26"N, 6°7'27,55"O
Bamaart Mammutbeem
Héicht 36,8 m (2023)
Duerchmiesser 2,85 m (2023)
Ëmfang 8,95 m (2023)
De rietse Bam war vun engem Pilz befall (Nov. 2025) a gouf den 28. Februar 2026 ëmgeluecht.
Dat wat vun der zweeter Sequoia iwwreg ass.

Eng vu virdrun zwou Sequoiaen am Amaliepark ass e Risemammutbam (Sequoiadendron giganteum; séquoia géant; Riesenmammutbaum) a steet an der Stad Lëtzebuerg beim Monument fir d'Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach.

Mat engem Alter vu ronn 140 Joer (Stand 2018) waren dës zwéi Beem mat déi eelst Sequoiaen zu Lëtzebuerg. Zum Vergläich: a Kalifornien sti Sequoiaen déi 1000 Joer al sinn, an eng Gréisst vun 100 m erreechen.

Wëll komme Risemammutbeem ausschliisslech a Kalifornien vir. A Mëtteleuropa gi se zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert a Parken ugeplanzt.

D'Opriichte vum Monument an den Amenagement ronderëm goufen ënner der Berodung vum franséische Paysagiste Édouard André (1840-1911), deen och de Park vun der Stad Lëtzebuerg entworf huet, duerchgefouert. Et kann een also unhuelen, datt och déi zwou Sequoiaen op säi Rotschlo hi geplanzt goufen.

Déi zwéi Beem goufe fir d'éischt 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl.

Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 27 an 32 m; Stammdéckt op Broschthéicht: 1,46 an 1,97 m, wat engem Ëmfang vu 4,58 a 6,15 m entsprécht.

Kränkt an Ofstierwe vum rietse Bam

[änneren | Quelltext änneren]

Déi riets Sequoia, op d'Monument hi gekuckt, war méi héich an hat méi Laf wéi déi aner. Spéitstens 2025 konnt een awer gesinn, datt dee Bam krank war. E Schëld vun der Gemeng Lëtzebuerg huet driwwer informéiert, datt seng Wuerzele vun engem Pilz (Hallimasch; Armillaria) befall wieren, an de Bam leider geschwënn ofstierwe géif.[1] Den 28. Februar 2026 gouf dëse Bam ëmgeluecht. Aus dem Holz solle Parkbänke gemaach ginn, déi am Park opgestallt ginn. En neien "Zwilling" gëtt op dëser Plaz geplanzt.[2]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 194-195, Text a Foto).
 Commons: Sequoiaen am Amaliepark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Schëld nieft dem Bam, gekuckt: November 2025).
  2. Simone Molitor, Mammutbaum nicht zu retten, Spektakuläre Baumfällaktion im Stadtpark. wort.lu [€] (28.02.2026). Gekuckt den 28.02.2026.