Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg
De Käschtebam vun der Schickerisgaass aus gesinn (Januar 2024)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress Square Robert-Brasseur
Koordinaten 49°36'46,80"N, 6°7'53,51"O
Bamaart Käschtebeem
Héicht 23,5 m (2023)
Duerchmiesser 1,37 m (2023)
Ëmfang 4,3 m (2023)
Vum Square Robert-Brasseur aus gekuckt. (Januar 2008). Riets ënner dem Bam gesäit een en Deel vun der Rouder Bréck

Dëse Käschtebam (Aesculus hippocastanum L.; Rosskastanie; marronnier d'Inde) steet um Square Robert-Brasseur, vis-à-vis vun der Theaterplaz, an der Stad Lëtzebuerg. Hie fält duerch seng Gréisst an déi imposant Breet vu senger Kroun op.

D'Kroun huet en Duerchmiesser vun zirka 15 m. Op enger Héicht vun ongeféier 3 m deelt sech de Stamm kandelaberaarteg op an 10 kräfteg, senkrecht geriichten Äscht.

De Bam steet fräi, gëtt also net a sengem Wuesstem behënnert. Säi gesonden Zoustand ass drop zeréckzeféieren, datt en net wéi seng Aartgenosse laanscht d'Stroossen all Joer dem Streesalz am Wanter ausgesat ass. Käschtebeem reagéiere besonnesch empfindlech dorop.

Dëse Käschtebam gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl. Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 23 m; Duerchmiesser (op Broschthéicht): 1,30 m. Ëm 2022 waren et 23,5 m an 1,37 m.

Den Duerchmiesser vum Stamm léisst drop schléissen, datt dëse Käschtebam ee vun deenen éischte vu senger Aart war, déi zu Lëtzebuerg gesat goufen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 2023, Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg.