Op den Inhalt sprangen

Ginkgo op der Eecher Plaz

Vu Wikipedia
Ginkgo op der Eecher Plaz
De Bam vun der Strooss aus gesinn (August 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Eech
Adress 8, Place François-Joseph Dargent
Koordinaten 49°37'38,26"N, 6°7'49,10"O
Bamaart Ginkgo
Héicht 23,1 m (2023)
Duerchmiesser 1,46 m (2023)
Ëmfang 4,59 m (2023)
De Ginkgo op der Eecher Plaz (Februar 2008).

De Ginkgo op der Eecher Plaz (Place Dargent) steet zu Eech an der Stad Lëtzebuerg, am Park vun der fréierer Villa vum Nottär Fritz Weber.

Well dëse Ginkgo deen imposantste vu senger Aart am Land ass, gehéiert en zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Den Alter vum Bam ass net bekannt.

2002 gouf hie fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl. Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Ëmfang vum Stamm op Broschthéicht: 3,67 m, bei enger Gréisst vu 24 m. 2023 gouf en Ëmfang vu 4,59 m an eng Héicht vun 23,1 m festgehalen.

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 202-203, Text a Foto).
  • Murat, Danièle et al. ''Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg''. [3<sup>e</sup> parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN  978-2-9199474-3-0 (cf. S. 162-163, Text a Foto).
  • Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Inventaire des essences arborescentes non indigènes de pleine terre présentes sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg. Ferrantia 53. Cf. S. 26..
Commons: Ginkgo op der Eecher Plaz – Biller, Videoen oder Audiodateien