Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
D'Bluttbuch am Haff vum Stater Geschichtsmusée (Oktober 2009). Am Laf vum Summer verléieren d'Blieder vun de Bluttbuchen dat rout Pigment a gi gréng
Typ geographeschen Objet,
Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg City Museum
Koordinaten 49° 36’ 36.90’’ N
      06° 08’ 02.60’’ O
Statut Klasséiert Monument
Am November 2009.
Am Oktober 2021.

D'Bluttbuch (Fagus sylvatica L. cv. purpurea am Haff vum Lëtzebuerg City Museum huet wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se stoung, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert. Si gouf 1989 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen[1][2].

Bei Schantgesaarbechten am Haff goufen d'Wuerzele vun der Buch beschiedegt, wouvunner se sech net méi erhuele konnt.[3]. Enn Mäerz 2022 gouf de Bam, well e bannendra faul war, aus Sécherheetsgrënn ewechgeholl.[4].

D'Routbuch gouf duerno duerch eng eng jonk Lann ersat.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Op enger Héicht vu ronn 2 m ass en Ofsaz ronderëm de Stamm gelaf, deen doriwwer eraus däitlech manner déck war. Den Ofsaz ass do entstanen, wou d'Kroun op d'Ënnerlag geprafft gouf.

Ëm 2000 gouf um Stamm, op enger Héicht vun 1,30 m, en Ëmfang vu 5,25 m, bei enger Gréisst vun 22 m, gemooss[2]. De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, kann awer, am Joer 2010, op ronn 150 Joer geschat ginn. Aner Aussoe schätzen en esouguer am Joer 2021 op 260 bis 300 Joer[5],[6].

2009 goufe Fruchtkierper vun engem Pilz, dem Flaache Lackporling (Ganoderma applanatum) op der Ënnerlag festgestallt [7]; en Hiweis, datt dem Bam seng Ofwierkräfte geschwächt waren. 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert de Bam trotz senger Pilzkrankheet z'erhalen[8]. Dës Decisioun ass awer am Oktober 2021 revidéiert ginn an d'Stad Lëtzebuerg huet matgedeelt, datt de Bam aus Sécherheetsgrënn misst gehae ginn. Dëst ass dunn Enn Mäerz 2022 geschitt[7].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 84-85, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. 2,0 2,1 Sinner et al. 2002
  3. Schmit, J.-P. Schmit, 2023. Die ältesten Bewohner der Hauptstadt. Luxemburger Wort vum 28./29. Oktober 2023, S. 14.
  4. "No Kritik wéinst ëmhaen: Rout Bich gesäit nach schéin aus, ass awer faul bannendran." rtl.lu, 28.03.2022.
  5. City Breakfast: Bonge fir Schnelltester, méiglechen Impfzenter an Impfbus. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-20.
  6. Kranke Rotbuche, Stadt Luxemburg verliert einen ihrer ältesten Bäume, wort.lu 21. Oktober 2021
  7. 7,0 7,1 Luxemburger Wort vum 30 Mäerz 2022, S. 21
  8. Gemengerotssëtzung vum 30. Juni 2017. Luxemburger Wort vum 1./2. Juli 2017, S. 34.